lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

7. Ouschtersonndeg B

Joh 17,6a.11b-19

6a De Jesus huet an den Himmel opgekuckt a gebiet: "Papp, ech hunn deene Mënschen, déi s du mir aus der Welt ginn hues, däin Numm bekannt gemaach.

11b Hellege Papp, behitt du si an dengem Numm, deen s du mir ginn hues, fir datt si eent sinn ewéi mir!

12 Wéi ech bei hinne war, hunn ech si behitt an dengem Numm, deen s du mir ginn hues. Ech hunn uechtgedoen, a kee vun hinnen ass verluer gaang, nëmme just deen, dee vun Ufank u verluer war – fir datt d’Schrëft erfëllt géif ginn.

13 Elo awer kommen ech bei dech. Dat hei soen ech nach an der Welt, fir datt si meng vollkomme Freed an sech hunn.

14 Ech hunn hinnen däi Wuert ginn, an d’Welt haasst si, well si net vun der Welt sinn, esou wéi och ech net vun der Welt sinn.

15 Ech froen net, datt s du si aus der Welt eraushëls, ma datt s du si virum Béise behitts.

16 Si sinn net vun der Welt, esou wéi och ech net vun der Welt sinn.

17 Maach si helleg an der Wourecht – däi Wuert ass Wourecht!

18 Esou wéi s du mech an d’Welt geschéckt hues, esou hunn och ech si an d’Welt geschéckt,

19 a fir si maachen ech mech selwer helleg, fir datt och si helleg gemaach ginn an der Wourecht."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu