lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

Christi Himmelfahrt B

Mk 16,15-20

15 De Jesus ass deenen Eelef erschéngen a sot zu hinnen: "Gitt eraus an d’ganz Welt, verkënnegt der ganzer Schëpfung d’Evangelium!

16 Deen, dee gleeft an sech deefe léisst, gëtt gerett; deen awer, deen net gleeft, gëtt veruerteelt.

17 Dës Zeeche begleeden déi, déi gleewen: A mengem Numm dreiwen si Dämonen aus; si schwätzen an neie Sproochen;

18 si huele Schlaangen an d’Hand, a wann si eppes Gëfteges drénken, schuet et hinnen net; si leeë Kranken d’Hänn op, an déi gi gesond."

19 Nodeems eiser Här Jesus dat zu hinne gesot hat, gouf hien op an den Himmel geholl, an hien huet sech op dem Herrgott seng riets Säit gesat.

20 Si awer hunn sech op de Wee gemaach an hunn iwwerall [d’Evangelium] verkënnegt. Den Här war mat hinnen an allem, wat si gemaach hunn, an hien huet d’Wuert bestätegt duerch déi Zeechen, déi et begleet hunn.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu