lb | fr | pt | en |
33. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 13,24-32
24 De Jesus sot zu senge Jünger: "An deenen Deeg awer, no all deem Misär, verdäischtert d’Sonn sech, an de Mound gëtt kee Schäi méi ,
25 an d’Stäre fale vum Himmel erof, an d’Himmelskräfte ginn ziddere gedoen.
26 An da gesäit een de Mënschejong, dee mat grousser Kraaft an Herrlechkeet op de Wolleke kënnt .
27 Da schéckt hien d’Engelen eraus, an hie féiert seng Auserwielt aus deene véier Himmelsrichtungen zesummen, vum Enn vun der Äerd bis un d’Enn vum Himmel.
28 Aus dem Gläichnes vum Figebam awer léiert dat hei: Wann seng Äscht Saaft zillen an d’Blieder ufänken auszeschéissen, gesitt dir, datt et gläich Summer gëtt.
29 Esou och fir iech: Wann dir gesitt, datt dat do geschitt, dann erkennt, datt de Mënschejong gläich virun der Dier steet.
30 Amen, ech soen iech: Dës Generatioun vergeet net, éier dat do alles geschitt ass.
31 Himmel an Äerd verginn, meng Wierder awer verginn net.
32 Ma iwwer deen Dag oder déi Stonn weess keen eppes, weder d’Engelen am Himmel, nach de Jong – nëmme just de Papp.