lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

Helleg Famill B

Lk 2,22-40

22 Wéi et un der Zäit war, fir sech dem Moses sengem Gesetz no rengegen ze loossen, hunn de Jouseph an d’Maria de Jesus erop op Jerusalem bruecht, fir hien dem Här ze weien

23 – esou wéi am Här sengem Gesetz geschriwwe steet: All männlecht Kand, dat der Mamm hire Schouss opmécht, soll helleg genannt an dem Här geweit ginn –

24 a fir Affer duerzebréngen – esou wéi am Här sengem Gesetz gesot gëtt: eng Koppel Duerteldauwen oder zwou jonk Dauwen.

25 Zu Jerusalem war e Mann, dee Simeon geheescht huet. Dëse war gerecht a fromm, hien huet drop gewaart, datt Israel getréischt géif, an den hellege Geescht war op him.

26 Vum hellege Geescht war him virausgesot ginn, hie geséich der Doud net, éier hien dem Här säi Christus gesinn hätt.

27 Geleet vum Geescht, ass hien elo an den Tempel komm, a wéi d’Elteren hiert Kand, de Jesus, erabruecht hunn, fir dat, wat vum Gesetz fir hie virgeschriwwe war, ze maachen,

28 huet de Simeon d’Kand an seng Äerm geholl, huet den Herrgott gelueft a sot:

29 "Elo kanns du däin Dénger, Här, a Fridde goe loossen, esou wéi s du gesot hues,

30 well meng Aen hunn d’Rettung gesinn, déi vun dir kënnt

31 an déi s du fir all d’Vëlleker bestëmmt hues,

32 e Liicht, dat Offenbarung bréngt fir d’Heeden an Herrlechkeet fir däi Vollek Israel."

33 Dem Jesus säi Papp an seng Mamm hunn sech gewonnert iwwer dat, wat iwwer d’Kand gesot gouf.

34 Dunn huet de Simeon si geseent, an hie sot zu der Maria, dem Jesus senger Mamm: "Kuck, deen heiten ass agesat, fir datt duerch hien der vill an Israel falen an datt vill anerer opgeriicht ginn, an hien ass agesat, fir en Zeechen ze sinn, deem widdersprach gëtt

35 – dir selwer awer fiert och e Schwäert duerch d’Séil. Esou solle ville Mënschen hir Gedanke bekannt gemaach ginn."

36 Do war och d’Hanna, eng Prophéitin, dem Penuël aus dem Stamm Ascher seng Duechter. Si war scho bei Alter. Als jonkt Meedchen hat si sech bestuet a siwe Joer laang mat hirem Mann gelieft.

37 Elo war si eng Witfra vu 84 Joer, déi net vum Tempel fortgaang ass an dem Herrgott Dag an Nuecht mat Faaschten a Biede gedéngt huet.

38 An dësem Ament ass si dohi komm, huet den Herrgott gelueft an huet all deenen, déi op d’Erléisung vu Jerusalem gewaart hunn, vum Kand erzielt.

39 Nodeems d’Maria an de Jouseph alles erfëllt haten, wat vum Här sengem Gesetz virgeschriwwe war, sinn si a Galiläa an hir Stad Nazareth hanneschtgaang.

40 D’Kand awer ass gewuess an ass staark ginn, et war erfëllt mat Weisheet, an dem Herrgott seng Gnod war op him.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu