lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

20. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 12,49-53

49 De Jesus sot zu senge Jünger: "Fir Feier op d’Äerd ze geheien, sinn ech komm, a wat wéilt ech, datt et ewell brenne géif!

50 Ech muss awer eng Daf iwwer mech ergoe loossen, a wéi baang ass et mir, bis et gedoen ass!

51 Mengt dir, ech wär komm, fir Fridden op d’Äerd ze bréngen? Neen, soen ech iech, ech brénge kee Fridden, ma Sträit.

52 Well vun elo un hunn an engem Haus vu fënnef Leit der dräi Sträit mat zwee an der zwee Sträit mat dräi,

53 de Papp kritt Sträit mam Jong an de Jong mam Papp, d’Mamm mat der Duechter an d’Duechter mat der Mamm, d’Schwéiermamm mat der Schnauer an d’Schnauer mat der Schwéiermamm."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu