lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

26. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 16,19-31

19 De Jesus sot: "Et war emol e räiche Mann, deen hat purpurrout Gezei aus feinem Léngent un. Hien huet sech all Dag ameséiert an sech et gutt goe gelooss.

20 Virun senger Dier louch en aarme Mënsch voller Schwieren, dee Lazarus geheescht huet,

21 an deen sech gären un deem, wat vun deem Räiche sengem Dësch erofgefall ass, sat giess hätt. Esouguer d’Hënn si komm an hunn seng Schwiere geleckt.

22 Wéi de Lazarus gestuerwen ass, gouf hie vun den Engelen an dem Abraham säi Schouss gedroen. Och dee räiche Mann ass gestuerwen a gouf begruewen.

23 An der Doudewelt, wou hien eng Péng sonnergläichen auszestoen hat, huet hien opgekuckt a vu wäitem den Abraham gesinn an de Lazarus an deem sengem Schouss.

24 Dunn huet hie geruff: ’Abraham, Papp, erbaarm dech menger a schéck de Lazarus, fir d’Fangerspëtzt a Waasser ze zappen a meng Zong ofzekillen, well ech an dëse Flamen esouvill Péng erdroe muss!’

25 Den Abraham awer sot: ’Kand, erënner dech drun: Esou wéi s du an dengem Liewen dat Gutt kritt hues, esou krut de Lazarus dat Schlecht. Elo awer gëtt hien hei getréischt, an du muss Péng erdroen.

26 Souwéisou ass tëschent äis an iech e grousse Gruef, fir datt déi, déi vun hei aus bei iech eriwwergoe wëllen, dat net kënnen, a fir datt och kee vun iech bei äis eriwwerkomme kann.’

27 Dee Räichen awer sot: ’Ech bieden dech, Papp, da schéck de Lazarus a mengem Papp säin Haus; 28 ech hunn nämlech fënnef Bridder – déi soll hie warnen, fir datt si net och op dës Plaz kommen, wou eng Péng sonnergläichen ass!’

29 Du sot den Abraham: ’Si hunn de Moses an d’Prophéiten; op déi sollen si lauschteren!’

30 Ma dee räiche Mann huet geäntwert: ’Neen, Abraham, Papp, si denken nëmmen ëm, wann ee vun den Doudege bei si kënnt.’

31 Du sot den Abraham: ’Wann si net op de Moses an op d’Prophéite lauschteren, da loossen si sech och net vun engem iwwerzeegen, dee vun den Doudegen opersteet.’"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu