lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

6. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 6,17-18a.20-26

17 De Jesus ass mat senge Jünger vum Bierg erofkomm an ass op enger Gläicht stoe bliwwen. Vill vun senge Jünger an eng Onmass Leit aus dem Vollek, aus ganz Judäa a vu Jerusalem an aus [de Stied] Tyrus a Sidon, déi um Mier leien,

18a ware komm, fir him nozelauschteren a fir vun hire Krankheete geheelt ze ginn.

20 De Jesus huet seng Jünger gekuckt a sot: "Glécklech dir Aarm, well iech gehéiert dem Herrgott säi Räich!

21 Glécklech dir, déi dir elo Honger leit, well den Dag kënnt, wou dir gesiedegt gitt! Glécklech dir, déi dir elo kräischt, well den Dag kënnt, wou dir nees laacht!

22 Glécklech sidd dir, wann d’Leit iech wéinst dem Mënschejong senger haassen a wann si iech ausschléissen, iech Frechheete maachen an ären Numm duerch den Dreck zéien!

23 Sidd deen Dag frou, danzt vu Freed, well äre Loun ass grouss am Himmel. Esou hunn nämlech hir Pappen et och mat de Prophéite gemaach.

24 Ma gare ärer, dir Räich, well dir hutt ären Trouscht scho kritt!

25 Gare ärer, déi dir elo gesiedegt sidd, well den Dag kënnt, wou dir Honger leit! Gare ärer, déi dir elo laacht, well den Dag kënnt, wou dir trauert a kräischt!

26 Gare ärer, wann alleguer d’Leit iech luewen! Esou hunn nämlech hir Pappen et och mat de falsche Prophéite gemaach."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu