lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Allerhellgen ABC

Mt 5,1-12a

1 Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, déi him nogaang sinn, ass hien de Bierg eropgaang. Hien huet sech gesat, an seng Jünger si bei hie komm.

2 Dunn huet hien ugefaang, si ze léieren, a sot:

3 "Glécklech déi, déi net vun sech ageholl sinn , well fir si ass d’Himmelräich.

4 Glécklech déi, déi traureg sinn, well si gi getréischt.

5 Glécklech déi, déi duuss sinn, well si ierwen d’Land.

6 Glécklech déi, déi Honger an Duuscht hunn no Gerechtegkeet, well si gi gesiedegt.

7 Glécklech déi, déi baarmhäerzeg sinn, well si kréie Baarmhäerzegkeet geschenkt.

8 Glécklech déi, déi e rengt Häerz hunn, well si kréien den Herrgott ze gesinn.

9 Glécklech déi, déi Fridde schafen, well si gi Kanner vum Herrgott genannt.

10 Glécklech déi, déi wéinst der Gerechtegkeet verfollegt ginn, well fir si ass d’Himmelräich.

11 Glécklech sidd dir, wann si iech wéinst menger Frechheete maachen, iech verfollegen an zu Onrecht allméiglech Béises iwwer iech soen.

12a Freet iech a jubiléiert, well äre Loun ass grouss am Himmel!"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu