lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Ouni Ierfsënn empfaange Jongfra Maria ABC

Lk 1,26-38

26 Wéi d’Elisabeth am sechste Mount war, ass den Engel Gabriel vum Herrgott an eng Stad a Galiläa geschéckt ginn, déi Nazareth heescht,

27 bei eng Jongfra, déi engem Mann versprach war, dee Jouseph geheescht huet an aus dem Haus vum David war. Dës Jongfra huet Maria geheescht.

28 Den Engel ass bei si eragaang a sot: “Free dech, [Maria], ganz an der Gnod! Den Här ass mat dir.”

29 Dës Wierder hunn si ganz duerchenee gemaach, an si huet sech beduecht, wat dee Grouss heesche kéint.

30 Du sot den Engel zu hir: "Fäert net, Maria! Du hues nämlech Gnod beim Herrgott fonnt.

31 Kuck, du kënns an aner Ëmstänn a kriss e Jong; dee solls du Jesus nennen.

32 Hie gëtt grouss a gëtt Jong vum Allerhéchste genannt, a Gott, den Här, gëtt him den Troun vum David, sengem Papp.

33 An all Éiwegkeet herrscht hien iwwer d’Haus vum Jakob, an seng Herrschaft kritt keen Enn.“34 Du sot d’Maria zum Engel:”Wéi soll dat da goen, well ech jo nach mat kengem Mann zesummekomm sinn?“35 Den Engel huet hir geäntwert:”Den hellege Geescht kënnt op dech erof, an d’Kraaft vum Allerhéchste geheit hire Schiet op dech. Dowéinst ass och deen, deen op d’Welt kënnt, helleg a gëtt Jong vum Herrgott genannt.

36 A kuck d’Elisabeth, déi Famill mat dir ass: An hirem Alter erwaart och si e Jong. Elo ass si, vun där et geheescht huet, si kéint keng Kanner kréien, schonn am sechste Mount.

37 Fir den Herrgott ass nämlech näischt onméiglech.“38 Du sot d’Maria:”Kuck, ech sinn dem Här seng Mod; et soll mir geschéien, esou wéi s du et gesot hues!" Dueropshin ass den Engel vun hir fortgaang.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu