lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
27. Juli 2023

Dat wierklech Wäertvollt!

Kommentar zum 17. Sonntag im Jahreskreis von Gérard Kieffer (30.7.2023)

Den Evangelist Matthäus erzielt – an der Persoun vum Jesus – dëse Sonndeg am Gläichnes (Mt 13,44-52) eigentlech relativ lapidar iwwer d’Himmelräich. A virun allem: ee Bild nom aneren. Mol ass et e Schaz, mol eng Pärel oder och Fësch, déi aussortéiert ginn. Awer an all den dräi Biller weist sech, dass d’Mënschen, déi dat Besonnescht erkennen, ganz begeeschtert dovu sinn an alles Anescht wëllen opginn.

Eng Äntwert freet de Bibeltext och vu mir. Dat mécht en doduerch, dass e mir déi zwee Männer virun Aen hält, déi alles fir hire Schaz opginn. Si verkafen alles, spille mat vollem Risiko, setzen alles op eng Kaart. Wat an eisem alldeegleche Liewe warscheinlech zimmlech verréckt géif schéngen, gëtt am Gläichnes ganz kloer: Si ginn alles, well et – an dat symboliséieren déi Schätz – ëm net manner geet, wéi ëm d’Himmelräich.

Gëtt et eppes, fir dat ech alles géif ginn?

Fir dat fir eis wierklech Wäertvollt ze wielen, musse mir all dat anert si loossen. Dat gëllt fir d’Wiel vun eisem Liewenspartner an och fir d’Entscheedung Kanner ze kréien. Dat gëllt fir d’Wiel vum Beruff oder och fir d’Erkennen an d’Wiele vun der eegener (chrëschtlecher) Beruffung. Och beim Asaz fir Gerechtegkeet, fir d’Schëpfung a fir d’Fräiheet si kaum Kompromësser méiglech.

Et lount sech, sech ëmmer mol erëm ze froen: Fir wat fir eng Pärel kéint ech alles aneschtes si loossen? Ass Gott fir mech déi wäertvollste Pärel a mengem Liewen? Hunn ech alles dofir verkaaft? Ass mir bewosst, wéi vill ech selwer fir d’Himmelräich ‚investéieren‘? Dobäi mengt ‚Himmel‘ beim Matthäus dem Härgott säi Wierken, well am jiddesche Kontext gëtt den Numm vu Gott oft aus Respekt net genannt an duerch dat Wuert ‚Himmel‘ ersat.

Mee, am Gläichnes steet och: „Mam Himmelräich ass et wéi…“ an net: „Mam Himmelräich sollt et sinn…“ Et gëtt dat beschriwwen, wat ass.

Dat schwätzt dofir, dass et an de Gläichnesser net drëms geet, d’Himmelräich ze gewannen, mee dass een sech würdeg erweist, esou wéi déi ‚gutt Fësch‘.

Dës Ënnerscheedung ass villäicht spitzfindeg, verännert awer ganz weesentlech eis Haltung. Mir kënnen eis d’Himmelräich net erkafen. Mir wäerten ni d’Recht hunn an d’Himmelräich ze kommen, ‚zur Famill‘ vum Härgott ze gehéieren, well mir eist Liewen opginn an amplaz de Schaz oder d’Pärel kafen. Mir kënnen eis awer dofir entscheeden, dass mir eis nom Wëlle vum Härgott riichten an eis würdeg weisen, als ‚gutt‘ erkannt ze ginn. D’Wiel heifir läit letztendlech awer eleng beim Härgott.

An do kënnt mir de Gedanken: Ass de Jesus villäicht dee Mann, deen de Schaz am Aker fonnt huet, déi kostbar Pärel, deen dofir alles, wat hien huet lassléisst fir den Aker, d’Pärel ze kréien? Hie bezuelt dee Präis fir de Schaz ze kréien. An de Schaz? De Jesus seet zu hinnen: „Du bass mäi Schaz!” „Du bass eng Pärel!“ Dat hëlt engem den Otem – a gläichzäiteg mécht dat ee glécklech.

De Mënsch ass dem Härgott säi Schaz, seng Pärel. Dofir léisst hien dat lass, wat hien huet. Wann dat esou mam Himmelräich ass, dann ass dat eng kloer Libeserklärung vum Härgott fir de Mënsch!

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu