lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
20. Juli 2023

Déi Gutt an d’Dëppchen, déi Schlecht an de Kräppchen

Kommentar zum 16. Sonntag im Jahreskreis von Gérard Kieffer (23.7.2023)

Am Gläichnes, wat mir dëse Sonndeg am Evangelium (Mt 13,24-43) héieren, froen d’Kniechten den Haushär, ob si dat Onkraut, dat tëscht dem Weess wiisst zesummerafe sollten. Den Haushär hält si mat enger verstänneger Begrënnung dovun of: Et kéint liicht passéieren, dass mam Onkraut an engems de Weess mat erausgerappt géif.

Wie selwer e Gaart huet, kann dat gutt novollzéien. Et ass guer net esou einfach, bei deene klenge, just gekeimte Plänzercher, déi gutt vum Onkraut ze ënnerscheeden. Da kann et mol scho passéieren, dass een aplaz vum Onkraut déi gutt Planz erausrappt.

Ëmsou méi irritéiert de Jesus, wann hien eng aner Approche virzitt a seng Nolauschterer opfuerdert: „Loosst béides matenee wuesse bis d’Recolte, soss rappt dir zesumme mam Onkraut och de Weess eraus.“

Wéi sou oft geet et dem Mann vun Nazareth net ëm d’Onkraut u sech. Schliisslech verzielt hien e Gläichnes – an et geet ëm de Mënsch a säi Verhältnes zu aneren.

Well wärend beim Kraut vu vir era festgeluecht ass, ob et ze gebrauchen oder onnëtz ass, ass beim Mënsch eng Entwécklung méiglech: e Liewe laang. Heirop setzt Christus an all senge Rieden an a sengem Maachen.

Fir dat besser ze verstoen, hëlleft eng Anuerdnung an den historesche Kontext. Wéi den Evangelist Matthäus den Text geschriwwen huet, war d’Kierch nach ganz an hiren Ufäng. Zum selwechte Moment hunn sech schonn éischt Gruppen erausgeschielt, déi sech als besonnesch fromm an dofir fir eppes Besseres gehalen hunn. Si wollten sech iwwer eng ënnerstallte Mëttelméissegkeet vun den aneren Unhänger vum Jesus erhiewen, si hunn sech als déi „wierklech Nofollger“ vun him gesinn.

Wéi dacks menge mir selwer, Mënschen nom „Aschenputtel“-Motto („Die Guten ins Töpfchen, die Schlechten ins Kröpfchen“) bewäerten ze kënnen an an e bestëmmten Tirang ze stiechen: „Deen daacht näischt; aus deem gëtt ni eppes; dee kann s de vergiessen; …“

Genau dës Praxis stellt Christus awer a Fro: Um Enn steet et him eleng zou, iwwer d’Mënschen ze riichten, um Enn hunn net déi eng Mënschen iwwer d’Qualitéit vum Liewen a Maache vun aneren ze befannen, mee eleng den ‘Haushär’.

Net siele pechen Urteeler a Meenungen iwwer eis Bekannten, Frënn oder Feinden fir eng laang Zäit un hinnen, heiansdo e Liewe laang. Wien eng Kéier um Kompost gelant ass, kënnt kaum erëm erof, och wann en sech beméit.

Virun esou Vir-Verurteelunge wëllt de Jesus a sengem Gläichnes warnen: kee vun eis ass nëmme gutt oder nëmme schlecht.

Wéi vill méi wichteg ass et also, aneren esou entgéint ze kommen, wéi mir eis dat fir eis selwer erwaarden: un dat Gutt am Mënsch ze gleewen, hien duerch eng oppen Haltung ze ënnerstëtzen, fir Chancëgläichheet ze suergen an him Courage ze maachen an och bei Réckschléi op dat Positivt ze setzen.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu