lb fr pt en
Jahr A (2019-2020)  
7. November 2020

Fonken a Flam … fir Christus

Kommentar zum 32. Sonntag im Jahreskreis von Charles Bremer (08.11.2020)

“Wenn es mal wieder länger dauert …” dësen Sproch kënnt aus enger Reklamm déi mer alleguerten gutt kennen. Et seet een och, dass een op den Bräutigam, op d’Braut waarden kann. Et si nämlech ëmmer déi wichtegst Persounen déi zum Schluss kommen, an am Evangelium deen, deen invitéiert huet. Déi eng Persounen sinn drop agestallt, an waarden mat Gedold, déi aner halen et net méi aus an fänken un midd ze ginn vum villen Waarden. Wéi peinlech dann, den wichtegsten Moment verpass ze hunn. Den wichtegsten Moment verschlof ze hunn. Beim liesen vum Evangelium vun dësem Sonndeg setzt een direkt den Fokus op d’Middegkeet vun deenen 10 Jongfraen, déi waarden an ageschlof sinn. Anzeschlofen ass eppes Mënschleches, eppes Normales zemools wann een scho méi laang op ass an esou d’Konzentratioun verlueren geet. Dat passéiert och am Glawen, dat passéiert och der Kierch.

Léif Schwësteren a Bridder, nee dat ass net dat wichtegst an dësem Gläichnes. Se si jo all am richtegen Moment nach waakreg ginn. Awer, wann et heescht dem Bräutigam mat engem Licht entgéint ze goen wat brennt, dann muss een, am Viraus duerfir suergen dass een dat realiséieren kann. Och soll een net domadder rechnen dass een aneren fir een aspréngt an engem aus dëser mësslecher Situatioun hëlleft. Hei ass weder nach den Bräutigam dru schold, weder nach déi aner Invitéen. Hei muss een sech selwer mat der Nues huelen. Et hat een laang genuch virdrun Zäit duerfir ze Suergen, sech drop ze preparéieren.

Mee wat wëll den Jesus eis dann duerch dëst Evangelium soen? Ma ganz einfach, net méi an net manner wéi zur Zäit wou hien dëst zu sengen Jünger gesot huet. Et spillt nämlech keng Roll wéini hien, den Bräutigam, zeréckkënnt. Hien wëll just dass mir drop virbereede sinn an him entgéint ginn, wann et esou wäit ass. An do gehéiert dozou, prett ze sinn - säin ganz Liewen laang - fir een Liicht bei sech ze hunn fir esou um Wee ze bleiwen an net ze falen. Awer och fir dass hien äis vu Wäitem kann fannen, fir den Fall dass mir äis trotzdeem verrannt hunn a vum Wee ofkomm sinn.

Léif Chrëschten, bei eiser Daf krute mir déi néideg Hëllefsmëttel mat fir kënnen dësen Wee ze goen. Do kruten eis Elteren, Pätter a Giedelen d’Dafkäerz iwwerreecht. Des Käerz gouf un der Ouschterkäerz ugefaangen mat den Wierder: “Hei ass d’Licht vu Christus, huelt et fir äert Kand. Iech, den Elteren, Pätter a Giedel, gëtt dëst Liicht uvertraut. Dir sollt et behidden, fir datt äert Kand, dat vu Christus erliicht ginn ass, säi Wee geet wéi e Kand vum Liicht. Fir dat et trei am Glawen Christus a sengen Hellegen entgéint geet, wann hien erëm kënnt an Herrlechkeet.”

Mir wëssen also alleguerten dass mir mat esou engem Liicht um Ufank vum Liewen als Kand vum Härgott beschenkt goufen, an dass mir - elo - selwer fir dëst Liicht, wat och als een Symbol vun deem klengen Fonken Glawen deen an eis Häerzer gesat ginn ass, suergen mussen. Iergendwann sinn jo des Persounen deenen dëst Liicht uvertraut goufe jo net méi do an dann si mer quasi eleng gestallt fir dëst Liicht ze behidden an ze ënnerhalen. Jo den Glawen muss behitt an ënnerhalen ginn. Vum selwen passéiert dat net. Am Evangelium hunn d’Luuchten sech och net vum selwen iwwer Nuecht mat Ueleg gefëllt. Eis soll bewosst bleiwen, dass obwuel mir gedeeft sinn an doduerch Chrëschten sinn, ëmmer nees eppes duerfir musse maachen. Ëtt ass een Opdraag! Den Johann Wolfgang von Goethe huet dozou geschriwwen: “Ich glaube, dass wir einen Funken jenes ewigen Lichts in uns tragen, das im Grunde des Seins leuchten muss und welches unsere schwachen Sinne nur von Ferne ahnen können. Diesen Funken in uns zur Flamme werden zu lassen und das Göttliche in uns zu verwirklichen, ist unsere höchste Pflicht.” Mir sollen d’Flam ënnerhalen/fidderen an dann an dësem Liicht goen wat äis zu Kanner vum Härgott mécht. Well wa Christus eng Kéier virun eiser Dir steet, dann soll den Fonken vu Glawen brennen. Dann soll hien äis als Kanner vum Liicht erkennen. Loosse mer duerfir nees Féier a Flam sinn fir Christus, deen äis op eisem Glawenswee ëmmer nees begéinen wëll an eis Orientéierung ass.

Abbé Charles Bremer, Paschtouer.
Charles BREMER
charles.bremer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu