lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
19. Mee 2018

D’Wierke vum Hellege Geescht

De Kommentar zu Päischten vum René Schumacher (20.5.2018)

Joh 20,19-23

Wat wier geschitt wann et Päischten net ginn hätt? Obwuel sech doriwwer nëmme spekuléiere léisst, ass et trotzdem interessant eng Kéier mam Gedanken ze spillen, wat ouni d’Wierke vum Hellege Geescht geschitt wier. Wahrscheinlech net vill; an dat léisst sech esou, oder esou ähnlech, begrënnen:

E puer Wochen nom Karfreideg hunn d‘Jünger an déi aner Frënn vum Jesus sech endlech nees getraut fir sech ze versammelen an hir Erënnerungen un déi gemeinsam Zäit mam Jesus opzefrëschen. Si hunn iwwert villes nogeduecht an diskutéiert an dobäi hu si och festgestallt, dass d’Thema „Jesus“ an der Gesellschaft dobaussen ëmmer méi an de Vergiess geroden a kaum nach iwwert de Jesus geschwat ginn ass. Doriwwer ware si alles anescht wéi onzefridden, well esou konnte si sech an aller Rou versammelen, ouni dass si no baussen op eng désagréabel Manéier opgefall wieren. Mat hire Versammlungen am klenge Krees hu si kee gestéiert an et huet och kee si gestéiert.

Ronn 50 Deeg nom Jesus sengem Doud um Kräiz huet de Péitrus, als Coordinateur vun dëse Versammlungen, eng Ried gehalen a gesot: Léif Kollegen, léif Frënn: an Tëschenzäit hu mir eis jo méi oder manner dru gewinnt, dass eise Meeschter a Frënd, de Jesus, net méi bei eis ass. D’Juden hu sech nees berouegt an och virun de Réimer brauche mir am Moment keng Angscht méi ze hunn. Firwat solle mir elo erëm Stëps opwierbelen? Et ass gutt esou wéi et ass! Wa mir ënnert eis bleiwen, da behale mir eis Rou. Mir kënnen eis, wa mir dat dezent genuch maachen, ouni gréisser Problemer, jo och an Zukunft regelméisseg treffen, esou wéi de Jesus eis dat proposéiert hat. Ech géif virschloen all 14 Deeg oder eemol am Mount. Mee fir de Rescht wier et wuel am beschten, wa jiddereen de Wee nees zréck a säin aalt Liewe fanne géif. Maacht dat, wat Dir gemaach hutt éier Dir de Jesus kennegeléiert hutt a lieft virun allem onopfälleg! Wann Dir engem Frieme begéint, da passt op wat Dir sot a maacht … net dass Dir an ëppes eragerot, aus dem Dir dann net méi erauskommt! Dir wësst jo … an denkt ëmmer dru wat mam Jesus geschitt ass … datselwecht ka jidderengem vun eis och haut oder muer geschéien, wa mir eis zevill wäit aus der Fënster eraus-lehnen …

Déi aner Jünger hunn dem Péitrus an de grousse Linen zougestëmmt. Deen een oder aneren huet nach kuerz Bedenke geäussert, awer séier hu si agesinn, dass et esou fir si all wuel am beschte wier. Déi nächst Méint a Joren hu si sech nach méi oder wéineger regelméisseg getraff. Vu Kéier zu Kéier sinn der ëmmer e puer manner komm an déi, déi nach regelméisseg dobäi waren, hunn ugefaange sech ze langweilen. Si sinn och ëmmer méi al ginn, e puer vun hinne si gestuerwen bis schliesslech kee méi gelieft huet, deen de Jesus nach perséinlech kannt huet. A mat de Jünger sinn no an no och de Jesus a seng Botschaft ëmmer méi an de Vergiess geroden …

Jo, ouni Päischten, ouni d’Wierke vum Hellege Geescht, duerch deen dem Jesus seng éischt Frënn sech zu couragéierten an engagéierten Glawenszeien entwéckelt hunn, hätt d’Chrëschtentum bestëmmt net bis an d’21. Joerhonnert iwwerlieft.

Quell: Luxemburger Wort

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu