lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
25. August 2018

„Du bass den Hellege, dee vum Härgott kënnt“

Kommentar zum 21. Sonndeg am Joreskrees (26.08.2018)

(Joh 6, 60-69)

De Simon Péitrus huet him geäntwert: „Här, bei wie sollte mir goen? Du hues Wierder vun éiwegem Liewen! Mir gleewen, a mir hunn erkannt, datt s du den Hellege bass, dee vum Herrgott kënnt.“ (Joh 6, 68-69)

Dëst ass d’Äntwert op dem Jesus seng Fro: „Gitt dir éieren och gär fort?“ De Jesus stellt déi Fro zu engem Moment, wou der vill net méi mat him gaange sinn.

Mä firwat ass et esou wäit komm? Déi Fro vun deemools kënne mir ons och haut stellen. Firwat ass et esou wäit komm?

D’Äntwert op déi Fro ass haut wéi deemools d’nämmlecht.

De Jesus, mer hunn et de léschte Sonndeg am Evangelium schonns gesinn, huet de Leit seng Präsenz iwwert säin Doud eraus verkënnegt. Hien huet de Mënschen deemools, wéi ons och haut, säi Läif a säi Blutt geschenkt, net an engem Gläichnis, mä real an den Zeeche vu Brout a Wäin.

Jesus Christus ass wierklech präsent am Brout an am Wäi vun der Eucharistie.

Dëst war deemools an ass haut fir d’Mënsche schwéier ze verstoen. Awer d’Léier vun der Eucharistie mengt eeben net eng symbolesch, vague Präsenz vu Jesus Christus an der Hostie, mä eng ganz real: An der Hostie ass Jesus Christus wierklech do, an hie schenkt sech ons als Nahrung fir d’Séil a fir de ganze Mënsch.

Sou wéi deemools riicht sech och haut d’Fro u jidderee vun ons: „Gitt dir éieren och gär fort?” Wa mer d’Eucharistie net unhuelen, sou wéi äisen Här Jesus Christus se installéiert huet, dann ass et ewéi wann ee sech vun him ewech beweegt an net méi a senger Begleedung an Nofolleg ass, jo souguer da, wann ee Jesus Christus aus villen anere Grënn bewonnert. Sou wéi am Evangelium kann een net an der Nofolleg vu Jesus Christus sinn an net un d’Eucharistie gleewen. Mam Glawen un d’Eucharistie steet a fällt onst d’Chrëschtsinn.

Dass d’Léier ronderëm d’Eucharistie och haut aktuell ass an ëmmer erëm néi verkënnegt muss ginn, huet de Poopst Franziskus dozou bruecht, sech vun November 2017 bis Abrëll 2018 an 19 Katechese mat der Eucharistie ausenaner ze setzen. An och léschte Sonndeg beim Angelus huet hie besonnesch op d’Wichtegkeet vun der Mass higewisen:

„Dëst ass ganz wichteg: an d’Mass goen an d’helleg Kommunioun empfänken. Wien d’Kommunioun kritt, hëlt de liewege Christus op, deen ons an onsem Banneschte verwandelt an ons op den Himmel virbereet“, sou de Poopst Franziskus beim Angelus Gebiet viru ronn 20 000 Mënsche léschte Sonndeg op der Péitersplaz.

„D’Gléck vun de Mënschen an dat éiwegt Liewen hänken och dovunner of, wei et ons geléngt, dës Léift fruchtbar ze maachen, déi ons an der Eucharistie geschenkt gëtt“, erkläert de Poopst weider.

„Wann de Jesus seng Jünger opfuerdert, ,säi Fleesch a säi Blutt ze drénken‘, da steet dat fir déi déif Gemeinschaft mam Jesus, fir säi Liewen ze deelen an esou Liewe vu Gott ze empfänken. Dofir muss de Chrëscht sech vum Evangelium an der Léift vun de Geschwëster ernieren. Op des Aart a Weis kann hien zu voller Harmonie mat Christus, senge Gefiller a Verhale kommen. All Kéiers, wa mer un der Helleger Mass deelhuelen, huele mer a gewësser Weis den Himmel op d’Äerd, well vun der Eucharistie léiere mer, wat Éiwegt Liewen ass“, sou de Franziskus weider.

D’Eucharistie beräichert onst Liewen, et ass den Zentrum vun onsem Chrëschtsinn.

Huele mer d’Erausfuerderung un, an entdecke mer d’Eucharistie nei fir ganz an der Nofolleg vu Jesus Christus ze stoen.

Quell: Luxemburger Wort

Patrick DE ROND
patrick.derond@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu