lb fr pt en de
Jahr B (2017-2018)  
24. März 2018

E Gekräizegten ass eise Retter

De Kommentar zum Pällemsonndeg vum Abbé Fernand Huberty (25.3.2018)

Gedanken zur Markus-Passion (14,1-15,47)

Wéi ass dat méiglech, datt ee Gekräizegten eise Retter ka sinn? Um Kräiz schéngt d’Liewe vu Jesus eng richteg Katastroph ze sinn: all oder bal all hunn se Hie verlooss. Den Echec ass och fir seng Frënn en Echec, en Echec vum Judas, deen et net méi packt, en Echec vum Péitrus, deen dach versprach hat de Jesus bis un d’Enn ze begleeden, en Echec vun deenen aneren Apostelen, se flüchten, se spären sech an. Angscht, Zweiwel befält se, souguer hiert Gebiet geet net méi.

Op Getsemani bréngen se et net fäerdeg mam Jesus eng Stonn ze waachen. An der Bibel do ass d’Passioun keng Exceptioun well et sinn der vill esou Geschichte vu Männer a Fraen, déi d’Experienz vun engem Echec gemaach hunn an hirem Liewen. Denke mer un den Abraham, deen den Dram erlieft, keng Kanner ze kréien trotz dem Verspriechen, de Papp vun engem grousse Vollek ze ginn. Elo ass hien en ale Mann. Denke mer un de Moses, dee fir d’éischt een dout gemaach hat a sech huet missen an der Wüst verstoppen. Denke mer un d’Jeremiade vum Prophéit Jeremias. Denke mer un d’Gejäiz vum Job. Denke mer un dem Jesaia säi Gottesknecht. A wivill Psalme schwätze vun dem Gebiet vun dëse Mënschen, déi hir lescht Rettung bei Gott sichen a praktesch verzweiwelen. Haut wéi gëschter liewe mer an enger Kultur vum Erfolleg. Dat zielt am Professionellen a wann een net kompetitiv ass, da gëtt ee vun der Konkurrenz ënnergebottert. Iwwerall an alle Relatioune musse mer op der Héicht sinn, musse mer d’Erwaardungen erfëllen, musse mer performant sinn, musse mer weise, wéi dichteg a wéi effikass mer sinn. An dëse Stress, dës Fuerderung fir ëmmer besser ze ginn, méi Erfolleg ze hunn féiert bei ville Mënschen zum sougenannte ,Burnout‘ Middegkeet, Depressiounen, eidel ginn. Wann den Erfolleg déi eenzeg Mooss ass, an iwwerall präsent ass, da brénge mer et net méi fäerdeg, doraus erauszekommen.

D’Evangelium, d’Frou-Botschaft wäer net d’Frou-Botschaft, wann se net déi Fäegkeet hätt, eis ëmmer erëm nei a Fro ze stellen. De Messias ass un d’Kräiz gehaange ginn a verlooss. Mënschlech geschwat ass dat eng Katastroph pur. Den hl. Paulus seet eis dat ëmmer erëm, esou och an der Lecture vun haut: Jesus, dee Gott war, ass Mënsch ginn, an zwar huet en de Mënsch iwwerall do wou en tatsächlech gebraucht gëtt ugeholl. Et war e Passage vun der Gottheet an d’Aarmut vum Mënschsinn, an dëst Wuert Passage ass am Fong geholl d’Iwwersetzung vum Wuert Pâques am Hebräeschen.

Duerfir si mir op Ouschteren invitéiert, fir mat Jesus eriwwer ze goen. Hien ass bei eis komm, do wou mir an eisen Epreuvë gefaangen si, fir eis mat Him matzehuelen. Hien hëlt eis mat an de Gaart vu Getsemani wou Hien sech un de Papp wend: Papp am Himmel fir Dech ass alles méiglech. En hëlt eis mat a seng Passioun fir eis esou vun deem Vertrauensverloscht an d’Urvertrauen zréckzeféieren, vun der Hoffnungslosegkeet an d’Hoffnung, vum Zweiwel an de Glawen a vum Dout an d’Liewen. De Paulus seet eis dat och: Christus huet sech erniddregt fir eis ze erhéieren. Jo, eise Retter ass e Gekräizegten. Dëst Kräiz, dëse Bam vum Dout, ass Bam vum Liewe ginn. An esou huet Hien eis déi eenzeg Muecht gewisen déi d’Méiglechkeet gëtt fir eben d’Diere vum Dout duerch d’Diere vun der Léift a vun der Verzeiung erëm opzemaachen an dat Liewen dat fir jiddweree vun eis bestëmmt ass an der endgülteger Léift vu Gott.

Source: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu