lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
22. September 2018

„Servant leadership“

De Kommentar zum 25. Sonndeg am Joreskrees vum Raymond Streweler (23.9.2018)

Mk 9, 30-37

Jesus versicht senge Jünger kloer ze maachen: De Wee zur Operstéiung féiert nëmmen iwwert Kräiz an Doud. Awer d’Jünger verstinn hire Meeschter net an hunn näischt Besseres ze dinn, wéi ëm eng gutt Plaz am Räich Gottes ze streiden. Rangsträit, Muecht a Carrière bestëmmen hiert Denken. Dat verdréit sech net mat der Opfaassung vum Jesus: „Wien deen Éischten ënnert Iech wëllt sinn, muss den Dénger vun alle sinn (Mk 9, 35)“. Laanscht dëst Grondgesetz vum chrëschtleche Liewe féiert kee Wee.

Mir Mënschen ticken anescht. Eng honnerstel Sekonn méi schnell lafen, fueren oder schwammen, en Zentimeter méi héich oder méi wäit sprangen, dat gëtt geéiert. D’Leeschtung vun deene Leschten ass awer net manner grouss, vun hinne gëtt kaum Notiz geholl.

Wien eng éischt Plaz gedenkt anzehuelen, muss sech hannen ustellen, seet Jesus, well „ech sinn net komm, fir mech bedéngen ze loossen, mä fir ze déngen (Mk 10, 45)“. Wien dem Jesus nogoe wëll, muss also radikal ëmdenken, erof vu sengem „Egotrip“. D’Kraaft duerzou erwiisst aus der Léift, déi fäheg mécht, ze déngen an a leschter Konsequenz esouguer bereet ass, d’Liewe fir anerer hierzeginn.

An esou weltfriem ass dem Jesus seng Fuerderung net. Eng rezent US-amerikanesch Studie huet erausfonnt, datt e Führungsstil, deen net autoritär virgeet, mä sech am Déngscht vun der Belegschaft gesäit, bäidréit zu engem bessere Betriibsklima an doduerch zu gréisserer Rentabilitéit. „Servant leadership“ nennt d’Wirtschaftspsychologie dat.

Matenaner amplaz géintenaner, wat kéint dat herrlech Friichten an eiser Kierch droen. An der Agenda vun alle Verantwortlechen an der Kierch misst duerfir a grousse Buschtawe stoen: „Mir sinn net Häre vum Glaf, mä Zeie vun der Léift vu Gott, déi sech weist a Jesus Christus (1 Kor 3, 22-4, 1). „Servant leadership“ an der Kierch: e kingen Dram? Firwat net!

Als Beispill stellt Jesus e Kand an d’Mëtt. Gewëss och Kanner kënne kleng Egoiste sinn an ausflippen, wa si net am Mëttelpunkt stinn. Do kann eng gutt Erzéiung nach villes veränneren. Wann awer Erwuessener sech esou behuelen, dann ass dat lächerlech. Bei deenen, déi sech op d’Léift vu Gott beruffen, ass dat onerdréiglech an direkt netchrëschtlech.

Den Evangelist geet nach e Schratt méi wäit. Wann am griicheschen Urtext net dat gängegt Wuert „technon“ fir e Kand gebraucht gëtt, mä déi Bezeechnung „pais“, da weist dat hin op déi extrem schwaach Stellung vum Kand an der gesellschaftlecher Hierarchie vun deemools. Dat Wuert „pais“ konnt och fir de klenge Sklav gebraucht ginn.

Jesus weist äis, datt grad déi Kleng an déi Schwaach beim Herrgott Virrang hunn. „Wien esou e Kand wéinst menger ophëlt, deen hëlt mech op.“ (Mk 8, 37) Jesus identifizéiert sech mat deene Klengen a Schwaachen, déi ouni Rechter sinn, deene keen nolauschtert an déi näischt an eiser Welt ze bestellen hunn.

Wéi kéinte mir Chrëschten, déi mer säit eiser Daf Kanner vum Herrgott sinn, äis do anescht verhalen.

Source: Luxemburger Wort

Raymond STREWELER
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu