lb fr pt en
Priedegten 2023  
11. Mee 2023

Keng Kierch ouni den Hellege Geescht

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (11. Mee 2023)

Lesung aus der Apostelgeschichte (Apg 1,12-14)

Als sie in die Stadt kamen, gingen sie in das Obergemach hinauf, wo sie nun ständig blieben: Petrus und Johannes, Jakobus und Andreas, Philippus und Thomas, Bartholomäus und Matthäus, Jakobus, der Sohn des Alphäus, und Simon, der Zelot, sowie Judas, der Sohn des Jakobus.

Sie alle verharrten dort einmütig im Gebet, zusammen mit den Frauen und Maria, der Mutter Jesu, und seinen Brüdern.




Här Kardinol,
Léif Schwësteren a Bridder,

Et ass schonn eng Zäit hier, do sinn ech am spéide Mëtteg mam Vëlo aus dem Garer Quartier an d’Uewerstad gefuer. An der Mëtt vun der Passerelle um Pont Adolphe hat sech eng kleng Grupp versammelt. Wéi ech méi no koum hunn ech gesinn, datt et ee Grupp vu Schüler wier. Déi eng souzen do an anerer hunn sech un der metallener Netz-Oftrennung ugehalen. Ech si laanscht gefuer an um Enn vum Vëloswee hat ech d’Gefill, datt et gutt wier nach emol zréck ze fueren. Un der Oftrennung houng eng wäiss Rous. Déi Jonk ware méi no beienee geréckelt. Eenzeler hu gekrasch. Ech si vum Vëlo geklommen a blouf ouni e Wuert ze soen hannert hinne stoen. No enger Zäit hunn ech da lues gefrot wat geschitt wier. Ee Jonke sot: „Ee vun eise Matschüler ass viru Kuerzem hei erofgesprongen.“ Ech wousst net méi wat soen a scho guer net wat maachen. An der Stëllt ware mir dunn einfach eng Zäit zesummen. Wéi ech wollt fort fueren huet ee vun hinnen sech ëmgedréint a gesot: „Merci Madamm, datt dir bei eis bliwwe sidd.“

Léif Leit,

Et gëtt Situatiounen, do weess een net méi, wat soen oder maachen. Da geet et just nach drëm, an der Stëllt ze bieden an ze bleiwen.

Am Text aus der Apostelgeschicht, dee mir elo grad héieren hunn (Apg 1,12-14), sinn dem Jesus seng Jünger och an engem tragesche Moment versammelt. Och Maria an ee Grupp vu Fraen, zesumme mat verschiddenen anere Familljemembere vum Jesus, sinn derbäi.

Et ass schwéier, well de Jesus, hire Meeschter a Frënd ass dout, an domat och de Kapp vun hirer Beweegung. Kee weess esou richteg, wéi et viru geet, och wann deem Operstanenen seng Wierder nach an hinne nokléngen: „Gitt eraus an d’ganz Welt a maacht all Mënschen zu menge Jünger!“

Aus Angscht virun de Judden, virun deem, wat si mam Jesus gemaach hunn, a well de Jesus hinne verbueden hat, Jerusalem ze verloossen, zéien si sech dann net vun ongeféier op déi Plaz zréck, wou hire Meeschter d’Brout mat hinne gebrach an d’Pascha gefeiert hat. Si erënneren sech nach gutt un dem Jesus seng Himmelfaart, wou hien hinne versprach hat, si géifen den Hellege Geescht, eng Kraaft vun uewen, empfänke fir Zeie vun der Gudder Noriicht bis iwwert Jerusalem eraus ze ginn. Sollt dat Wierklechkeet ginn? Déi eng hoffen, déi aner zweifelen.

D’Jünger sichen an dësem Moment no Zeeche vun Hoffnung an Trouscht, déi si iwwert den Doud eraus mat hirem Meeschter verbannen. Am Gebiet fënnt dës Sich seng besonnesch Plaz an esou bleiwe si am Obergemach.

Ee Grupp mat Charakterkäpp:

  • De Péitrus mam grousse Mond, dee gesot hat, hie géif fir de Jesus souguer an de Prisong goen a fir hie stierwen [1] an deen de Jesus nawell dräi Mol verréit.
  • De Johannes, dem Jesus säi Liblingsjünger (säi Fifi), deen trotz senger besonnescher Plaz d’Autoritéit vum Péitrus unerkennt.
  • Den Andreas, dem Péitrus säi Brudder,
  • de Jakobus an de Johannes déi zwee onzertrennlech Bridder, mat engem ongeheieren Temperament a voller Emotiounen.
  • Dann de Philippus an
  • den ongleewegen Thomas,
  • de Bartholomäus an de Matthäus, de Jakobus, de Jong vum Alphäus, de Simon, den Zelot,
  • a schliisslech de Judas, de Jong vum Jakobus.

Mee d’Männer waren net eleng. Och d’Maria, dem Jesus seng Mamm, zesumme mat engem Grupp vu Fraen, déi namentlech net genannt ginn, waren derbäi, genee wéi eng Rei Membere vum Jesus senger Famill, déi och net méi no beschriwwe ginn. Zesumme sinn si een Deel vun dëser Gebietsgemeinschaft, déi op den Hellege Geescht waart.

Si all haten sech net gewielt a verkierperen an hirer Diversitéit souwuel Trei wéi de Verrot um Jesus. Esou stinn si um Ufank vun der Ur-Kierch. Mat an trotz hirer Onperfektioun bilden si eng Eenheet mat Maria a bieden ëm dee selwechte Geescht, deen hinnen all versprach gouf.

Dëse Geescht gëtt hinnen dann op Päischte geschénkt. Nëmme mat senger Hëllef ginn aus dëse fäerterege Männer a Frae bekennend Zeie vum Operstanenen, nëmmen duerch den Hellege Geescht wiisst echt Vertrauen a mécht si staark an deem, wat si erlieft hunn. Nëmmen duerch den Hellege Geescht trauen si sech kuerz drop vu Jerusalem fort ze goe bei Mënschen, déi anescht gleewen a schwätzen. Eréischt den Hellege Geescht mécht si zur Kierch. Di éischt kleng Gemeinschaft muss mam Feier vum Hellege Geescht gedeeft a gestäerkt ginn fir dem Jesus säin Optrag ze erfëllen.

An enger vun senge Priedegten a Sankta Martha huet de Poopst Franziskus gesot: „Man kann das Christsein nicht ohne den Heiligen Geist verstehen: Ohne ihn wäre das Leben nicht christlich. Es wäre religiöses Leben, heidnisch oder fromm, das an Gott glaubt, aber ohne Lebendigkeit, die Jesus für die Jünger will. Und es ist der Heilige Geist, der uns diese Lebendigkeit gibt.“ [2]

Ech ka mech nach gutt erënneren, wéi ech als jonk Fra am Renouveau charismatique esou eng Erfarung vun enger lieweger Kierch gemaach hunn, ouni déi ech haut net géif hei stoen. Deemols ware mir zesummen ënnerwee, hunn op d’Schrëft gelauschtert a biede geléiert. Grad d’Gebiet zum Hellege Geescht huet hei eng grouss Roll gespillt. Et war eng nei Mannéier Kierch ze sinn, déi deemools vill jonk Leit ugezunn huet, déi sech spéider an der Kierch an och an der Gesellschaft engagéiert hunn. Mënschen, déi hire Mann an hir Fra gestanen hunn. Dëst Erliewe vu Kierch huet sech net am gewinnte Kader vun enger Por ofgespillt, mee op enger alternativer Plaz, eng Plaz vu Begéinung, wou Mënschen hir Charismen an Talenter entdeckt hunn an sech abruecht hunn. Eng Plaz, wou mir eng lieweg Liturgie matenee gefeiert hunn, déi an eng perséinlech Relatioun mam Jesus gefouert huet. Bref! Et goufen vill schéin an déif Erfarungen, déi eis mënschlech a chrëschtlech wuesse gelooss hunn, an eng Plaz wou mir och d’Limitte vum Leadership erfuer hunn. An haut?

Wat misst wuel geschéien, fir datt änlech Erfarungen nees méiglech wieren? Wou gëtt et och haut nach esou Plazen, déi mir roueg bekannt maache kéinten, ouni jalous ze sinn? A wéi musse mir sinn oder ginn, fir datt mir wierklech mat de Mënschen a Kontakt kommen an si sech wuel fillen, sech vun eisen Initiativen ugezu spieren an dann och bleiwen?

An deenen éischten dräi Joerhonnerte vun der Kierch war et sécher net evident ze gleewen. D’Leit hunn sech doheem am Klenge versammelt. An de sougenannten „Hauskierchen“ [3] gouf dem Jesus seng Botschaft virugereecht. Dës Hauskierchen hunn sech och ënnertenee kannt. Si waren e Stéck vun engem chrëschtleche Netzwierk an hunn intensiv duerch Bréiwer oder Persoune matenee kommunizéiert. Eng kleng Kierch „par attraction“! Eng Kierch, déi aus de Familljen an aus Christus-Unhänger koum.

An normalen Haiser hunn si sech am Gebiet zesummefonnt an am gemeinsame Feiere vum Glawe gestäerkt fir Liicht a Salz vum Evangelium an enger heednescher Gesellschaft ze sinn. Déi éischt Chrëschten hunn um Dag no dem jüddesche Sabbat, dem éischten Dag vun der Woch, fir si d’Operstoe vu Christus gefeiert. Si ware solidaresch mat deene Bedürftegen an hunn och déi Aarm bei sech invitéiert. Ass et ze gewot driwwer nozedenken, ob d’Hauskierche vun den éischte Chrëschten net och eis haut kënnen inspiréieren?

Eis pastoral Raim si mëttlerweil esou grouss ginn, datt een sech dra verléiert. Verschidde Chrëschte vermëssen do d’Nosinn zu aneren. Si erhéngere geeschtlech a mënschlech an der Anonymitéit vun de grousse Poren an découragéieren.

Kleng Zelle vun enger lieweger Kierch, déi sech op d’Kraaft vum Hellege Geescht aloossen, kéinten eng Ureegung si fir eng Kierchelandschaft, déi am Ëmbroch ass. Et kann ee jo net eleng gleewen. „Un chrétien seul est un chrétien en danger de mort.“ Usätz vun Hauskierche gëtt et sécher schonn, anerer sinn am Entstoen. Doriwwer soll een am Gespréich bleiwen.

Léif Leit,

D’Kierch gëtt grad no der Pandemie net méi lieweg, wa mir nostalgesch an d’Vergaangenheet kucken. Si gëtt awer och net méi lieweg, wa mir mengen, mir missten eis un d’Modernitéit upassen an den Zäitgeescht an allem bestueden.

Mir sinn an enger eeschter Kierchesituatioun. Fortlafen oder de Kapp an de Sand stieche bréngen eis net weider.

Mir brauche Männer a Fraen, déi fir de Jesus an seng Boschaft brennen. Mënschen, déi aus hirem Glawen eraus de Courage hunn, géint de Stroum ze schwammen. Mir brauchen eng Kierch, déi net nëmmen op d’Strukture setzt, mee wou d’Mënschen am Klengen Erfarungen am Glawe maachen an déi mateneen deelen, eng Kierch, déi Ales lassléisst an ëm den Hellege Geescht biet a wierklech op seng Kraaft zielt. Vläicht brauche mir och nei Formen am Klengen, wou d’Chrëschtsi mat perséinleche Relatiounen a vernetzt mat anere gelieft gëtt.

Biede mir zesummen an dëser Stonn ëm dëse Geescht a froe mir d’Maria vu ganzem Häerzen als d’Expertin vum Gebiet a vum Hellege Geescht, datt si eis féiert. Amen.


[1Lk 22,33.

[2Poopst Franziskus, Muergesmass a Sankta Martha, 7. Mee 2013.

[3Marie-Françoise Baslez, L’Église à la maison. Histoire des premières communautés chrétiennes. Ier-IIIe siècle, Salvator, 2021.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu