lb fr pt en
Jahr C (2018-2019)  
19. Mee 2019

Een dee sech vu Gott op sengem déifste Punkt heele léist, an deem wiisst eng ongeheier Kraaft fir Neies opzebauen

De Kommentar zum Sonndeg vum Martine Regenwetter (19.5.2019)

An de läschte Wochen hu mir Texter héiere vum Ouschtermoien, wou all déi, déi bei d‘Graw vum Jesus komm sinn an Angscht waren. Mir hunn d‘Jünger gesinn, déi sech a Panik viru Verfolgung an an Trauer em hire Frënd a Meeschter agespaart haten. Mir hunn si dono erëm gesinn, wéi si zeréckgekéiert sinn an dat Liewen, wat si virum Jesus geféiert haten, a fësche gaange sinn. Mee ouni hien hunn si näischt fäerdeg bruecht. Si waren eidel an eleng ouni hien.

Et kennt mer vir, wéi wann et eis an der Kierch och mat Momenter esou géing ergoen. Onsecherheet vis-à-vis vun deenen déi net gleewen an de Geck mat eis maachen, hu mer heiansdo secher alleguer. Et ass net angenehm, ze mierken, datt een an engem Land liewt, wou de Glawen u Gott onerwënscht ass. Och d’Chrëschteverfolgung ass en Thema wat uechtert d’Welt erschreckend präsent ass. Mee och vu bannen ass et oft net einfach. Vill vun eis maachen sech Suergen em eis Zukunft als Kierch an als gleeweg Gemeinschaft. Net wéineg sinn déi Haaptamtlech a Benevol déi sech vun hire Chargen iwwerfuerdert spieren. Leider ginn et och Geläster a Streidereien ënnert eneen an déi verbreede kee froue Geescht. An da fillt et sech eidel an eléng un, sou wéi bei de Jünger.

Allerdéngs liese mir an dëser Zäit och an der Apostelgeschicht vun engem radikal neien Abschnitt: d’Entstehung vun den éischte Chrëschtegemeinschaften. Wéi war dee Wandel, dee mir tëscht den Texter just no der Operstéiung an deenen aus der Apostelgeschicht feststellen, méiglech? Déi zweet Liesung gëtt eis dorop d‘Äntwert: Gott mëscht alles nei! Net eréischt an der Éiwegkeet, mee och deemools schonn a secher och haut.

Mee wéi genau huet dee radikale Wandel stattfonnt? Mat Hëllef vum Péitruss a vum Paulus, den 2 Haaptmänner vun den éischte Gemeinschaften, kenne mer e puer wesentlech Zich vun der Emkéier feststellen:

De Saulus gouf zum Paulus duerch eng flagrant Begéinung mam Jesus. Dës Renconter huet hien esou ergraff, datt et him onméiglech war, weider ze liewe wéi virdrun, de Kampf géint de Jesus a seng Unhänger gouf zu engem Liewensasatz fir de Jesus a säin Evangelium. E “Coup de foudre” wéi mir haut géinge soen. Ëmmer erëm wäert hien dono soen, datt net hien sou villes erreecht a realiséiert, mee Gott an him.

Aner Mënsche wäerten sech erëm erkennen am Péitruss: hien huet, wann och op eng komplett aner Aart a Weis, d‘Erfahrung vun der Léift vum Jesus gemaach. Nämlech andeems Jesus him säi Verrot verzeit an all säi Vertrauen an hie setzt. Mat dëser Léift befreit hien de Péitruss, deen domat zum Handele fäeg an e wierkleche Fiels vun der Kierch gëtt.

Mir mierken, een deen sech vu Gott op sengem déifste Punkt beréieren an heele léist, dee gëtt fräi an an deem wiisst eng ongeheier Kraaft fir Neies opzebauen.

Da gëtt et och méiglech, dat Gebot vum Jesus anzehalen an eis een deen anere gär ze hunn an domat Zeechnes fir hien ze ginn. Mir all wëssen, datt dat eng enorm Erausfuerderung ass. Mee ech sinn iwwerzeegt, datt mir et kënnen, wa mir nëmmen a Gottes Léift bleiwen. Wa mir eis zu all Moment an hier gebuerge spieren, gi mer fäeg, dat ze liewen, wat mir eleng net fäerdeg bréngen: eng verbrannte Kierch nees mat liewege Steng opzebauen.

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu