lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Duerstellung vum Här ABC

Lk 2,22-40

Kontext

Déi Erzielung hei ass déi zweetlescht vun de sougenannte Kandheetserzielungen am Lk. Duerno kréie mer nach de Jesus mat 12 Joer am Tempel gewisen. Déi parallel Erzielungen tëscht dem Johannes (dem Deefer) an dem Jesus sinn och eriwwer.

Eigentlech kéint den Text nom v. 33 ophalen ; d’Erzielung am Evangelium geet awer weider. Dofir muss ee sech froen, firwat ; wat hunn de Simeon an d’Hanna mateneen ze dinn ?

An der Kandheetsgeschicht beim Lk fanne mer dräi Lidder, déi allen dräi an eiser Liturgie iwwerliewt hunn : de « Magnificat » (Lk 1, 46-56), de « Benedictus » (1, 67-79) an dann hei den « Nunc dimittis » (2, 29-32).

Déi zwee éischt Lidder maachen Allusioun op den Abraham, iwwerdeems de Simeon éischter beaflosst ass vum Prophéit Jesaja (52, 10 ; 42, 6 ; 46, 13).

D’Kandheetsgeschichten an den Evangelien (Mt a Lk ; de Joh huet méi ee spezielle Prolog a beim Mk ass d’Einleitung nach anescht) sollen awer keng léif a séiss Geschichte vun engem Puppelche sinn!
D’Kanner als Kanner sinn eréischt eng Entdeckung vun deene leschte Joerhonnerten ! (E Bsp : wann een d’Tableauë vun deene grousse Moler kuckt.)

An de Kandheetsgeschichte gëtt gewisen, wat emol eng Kéier aus deem Kand do gi wäert. An dat, wat aus deem Kand gi wäert ass scho vun Ufank un an him. Den Ufank, d.h. d’Kandheetsgeschichte verstinn sech am Beschte vum Schluss hir.

Am Lk hëllt de Jesus sech haaptsächlech der Sënner an den Ausgestoussener hirer un. An dofir kommen an der Kandheetsgeschicht z.B. Hiirde bei hien, esou bal hie gebuer ass. Hiirden, déi ausgestouss waren, well si duerch hire Beruff onréng waren.

Mer däerfen also bei dësen Texter net d’Fro stellen « a wéi war et da wierkelech ? », « waren et nëmme wäiss Scheewercher, déi mat bei d’Krëpp komm sinn ? » asw., mee « wat ass de Sënn », « wat soen dës Texter iwwert de Glawen un dee Jesus (den erwuessenen, operstanene Jesus) do aus ? » ; soss siche mer eppes am Text, wat den Auteur net drageluecht huet.

Text

Wéi d’Zäit erfëllt war fir sech dem Moses sengem Gesetz no … (vv. 22-24) :
De Lk verschmëlzt hei zwee juddesch Gebräich : d’Presentatioun vum Eischtgebuerenen virum Herrgott, déi net un den Tempel gebonne war (cf. Ex 13 ; 1Sam 1-2) an, d’Ausseene vun der Mamm, wou d’Kand net derbäi war.
Der Traditioun no gehéiert all Eischtgebuerenen dem Herrgott, also ginn Déiere geaffert fir d’Kanner lasszekafen. Dëse Brauch steet a Verbindung mat dem Auszuch aus Egypten.
D’Mamm huet missen ausgeseent ginn, kultesch erëm reng gemeet ginn. (Et ass jo nach net esou ganz laang hir, datt och nach an eise Géigenden d’Fraen no engem Accouchement « ausgeseent » si ginn !) 40 Deeg nodeems si e Bouf kritt hat, an 80 Deeg, wann et e Meedche war. En zwee Joer aalt Scheefchen ass geaffert ginn, resp. fir déi méi Arem, zwou Dauwen. De Lk insistéiert méi op d’Présentatioun vum Jesus wéi op de Rite ronderëm d’Mamm. Vläicht wëllt hir weisen, datt de Jesus déif verwuerzelt war mat den Traditioune vun Israel.
Esou wéi déi Lk déi zwee Gebräich verbënnt, gëtt et méiglech, datt d’Maria an de Jesus sech am Tempelberäich ophalen.
En Exeget, denHugues Cousin huet d’Wochenzuel nogerechent, no deenen Donnéeën, wéi de Lk se ugëtt, an hie kënnt op 70 Wochen, déi tëscht der Ukënnegung vum Johannes senger Gebuert an dem Passage hei am Tempel leie géifen : déi Zäitspaan, déi virgesinn ass, an der juddescher Traditioun, fir d’ « Befreiung » vu Jerusalem.

A kuck, zu Jerusalem war e Mann, dee Simeon geheescht huet … (v. 25) :
De Simeon gehéiert net zu de Priister am Tempel. Hie war vu Jerusalem a war, wéi de Zacharias an d’Elisabeth gerecht (a fromm) ; d.h. datt hie versicht huet säi Liewen dem Herrgott sengem Wëllen no ze liewen. Wéi d’Maria gëtt hie sech den Eierentitel « dem Här säin Dénger ».
An dem Text vun haut trieden zwee Mënschen ervir, net méi d’Engele fir d’Bedeitung vun deem Kand ze soen.
Hien huet drop gewaart, datt « Israel getréischt géif », esou wéi et a Jes 40-55 versprach ginn ass, d.h. hie waart drop, datt Gott fir Israel agräift an d’Geschicht. De Simeon géif net stierwen éier hien net dëst Verspriechen erfëllt gesinn hätt. An dat geschitt an deem Ament wou hien dem Jesus mat sengen Eltere begéint.

Dräi mol gëtt den Hellege Geescht ernimmt (vv.25.26.27) :
hie gëtt geleet, wéi d’Prophéiten an den Hl Geescht ass hei schonn amgaangen ze wierken, wéi hien dat och spéiderhin an der Apg mécht.
Den Zacharias mécht eng duebel Ausso, am Privaten, just bei dier klenger Famill zou (d’Hanna mécht hannenoter « Öffentlechkeetsaarbecht ») : an de vv. 29-32 eng freedeg an an de vv. 34-35 eng traureg.

… a wéi d’Elteren hirt Kand … (v. 27.41), … dem Jesus säi Papp a seng Mamm (v. 33) :
de Lk huet staark drop insistéiert, datt d’Maria nach Meedche war, an hie scheit sech net fir hei vum Kand sengen Elteren ze schwätzen.

… virun alle Vëlleker … (v.32) :
Hei gëtt déi éischte Kéier am Lk vun der Rettung fir déi ganz Welt geschwat. Richteg a massiv geet dës Verkënnegung eréischt no Ouschteren un (cf. Lk 24, 47 an och Jes 49, 6).

v. 34 :
Hei kritt d’Maria gesot, datt de Jesus souwuel der vill an Israel opstoen, wéi och falen deet. Dee ganzen Text hei (vv. 22-27) ass vun Ufank un op Géigesäz an op « koppelen », déi sech ergänzen opgebaut : Gesetz/Hl Geescht – Jerusalem/Nazareth – Simeon ( e Mann, deem am Private mat deenen dräi schwätzt)/ d’Hanna (eng Fra, déi « Öffentlechkeetsaarbecht » mécht) – 2x seent de Simeon/ 2 Aussoe mécht hien – Liicht fir d’Natiounen/Verherrlechung fir däi Volléck Israel – vill stinn der op/vill falen der – dag/Nuecht – den Herrgott luewen/ vum Kand schwäzen – en Zeechen, deem widdersprach gëtt/intiimst Gedanke gi geoffenbart ; … Hei begéine sech zwou Welten, déi al an déi nei, Gesetz an Hl Geescht.
Dem Jesus seng Ofleenung duerch Israel fängt schonn u lues a lues ugdäit ze ginn (cf. d’Kangheetsgeschichte si vum Enn vum Evangelium hir ze liesen !).

… dir selwer fiert esou guer e Schwäert duerch d’Séil … (v. 35) :
D’Séil ass, an der Bibel, de Liewensotem, d’menschlech Existenz, de Mënsch als Persoun. D’Häerz ass do, wou d’Verstoen, d’Intelligenz sëtzt, de Sëtz vum moraleschen a reliéisen Handelen.

D’Hanna (vv. 36-39) :
Vu vireran als Prophéitin duergestallt (ouni datt mer hir Wierder iwwerliwwert kritt hunn) a mat villen Detailler beschriwwen. Prophéitinne gëtt et der just e puer an der Bibel, déi direkt deen Titel zougesprach kritt hunn : d’Myriam (Ex 15, 20), d’Deborah (Ri 4, 4), d’Hulda (2Kin 22, 14), dem Jesaja seng Fra (Jes 8, 3). Hanna heescht Gnod, Gonscht.
De Johannes den Deefer, de Simeon an d’Hanna si Prophéiten (méi wéi Zeien). Si stinn do als Jarnéier tëscht deem alen an deem neien.
Si huet 84 Joer = 12 (Zuel fir Israel) x 7 (zuel vun den Heeden).
De Simeon an d’Hanna stellen dat « aalt » Israel duer a si verschléisse sech net deem neien. Am Rescht vum Evangelium stellen déi allermeescht vun de Vertrieder vun Israel sech dem Jesus entgéint. Hiren Alter, hir « Gerechtegkeet », hir Beschreiwung als Prophéite ginn hiren Aussoen e grousst Gewiicht.

… d’Erléisung vu Jerusalem ( v. 38) :
Dat ass dat nämmelecht Wuert, wéi dat vun der « Présentatioun » vun den Eischtgebuerenen.

Nazareth ( v.39) :
Boucle bouclée. Mer sinn hannescht um Ausgangspunkt.

v. 40 :
De Jesus kritt hei d’Weisheet (d.h. d’Goow, z’ënnerscheeden) an engem absolute Sënn zogesprach, grad ewéi dem Herrgott seng Gnod/Gonscht. Am Résümee seet de LK : Hien ass et, de Messias, op deen der gewaart hutt.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu