lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Epiphanie ABC

Mt 2,1-12

Kontext

Dësen Deel vun de Kandheetserzielunge fanne mer nëmme beim Mt, an zwar direkt nodeems de Jouseph am Dram vun dem Kand gewuer ginn ass. No dem Evangelium vun haut kënnt d’Flucht an Ägypten.

D’Kandheetsgeschichten an den Evangelien (Mt a Lk; de Joh huet méi ee spezielle Prolog a beim Mk ass d’Einleitung nach anescht) sollen awer keng léif a séiss Geschichte vun engem Puppelche sinn!

D’Kanner als Kanner sinn eréischt eng Entdeckung vun deene leschte Joerhonnerten!
An de Kandheetsgeschichte gëtt gewisen, wat emol eng Kéier aus deem Kand do gi wäert. An dat, wat aus deem Kand gi wäert ass scho vun Ufank un an him. Den Ufank, d.h. d’Kandheetsgeschichte verstinn sech am Beschte vum Schluss, d.h. der Operstéiung, hir. Iwwert der Plaz, wou de Jesus gebuer gouf, steet schonn de Schied vum Golgotha an d’Liicht vun Ouschteren.

Am Mt ass de Jesus den neie Moses, deen en neit Gesetz bréngt; hien ass e Kinnek, deen a Konflikt geréit mat den Autoritéite vu senger Zäit (dofir dann och an dem Mt snger Kandheetsgeschicht de Kannermord an d’Flucht an Ägypten).

Mer däerfen also bei dësen Texter net d’Fro stellen “a wéi hunn déi Magier geheescht?”, “waren et der nëmmen dräi?” asw., mee “wat ass de Sënn”, “wat soen dës Texter iwwert de Glawen un dee Jesus (den erwuessenen, operstanene Jesus) do aus?”; soss siche mer eppes am Text, wat den Auteur net drageluecht huet.

Text

Mt 1 huet d’Fro gestallt: “Wien ass de Jesus?,”Wéi kënnt hien op d’Welt?“. Mt 2 stellt d’Fro:”Wou?“a”Wéini?" Dem Jesus seng Gebuert gëtt just nëmmen an engem Saz ernimmt; d’Absicht vum Text muss also eng aner sinn, wéi dem Jesus seng Gebuert ze beschreiwen. Mt 2, 1-12 ass op zwee Géigesäz opgebaut: Jerusalem – Bethlehem an de Kinnek Herodes – de (Kinnek vun de Judden) Jesus, deen als éischt vun Net-Judden unerkannt gëtt. Hei hu mer zweemol en Echo vun dem Mt senger Zäit: 1. d’Kinneken, déi äech verfollege loossen, sinn net déi wierklech Kinneken, an 2. d’Heeden, d’Net-Judde si vun Ufank u matgeruff (kënnen also Chrëschte ginn).

... zur Zäit vum Kinnek Herodes (V.1)
Den Herodes war e gewëtzte Politiker, “von Roms Gnaden”, deen nei Stied nom griichesche Modell baue gelooss huet. Et ass och den Herodes, deen den Tempel zu Jerusalem esou grouss ausgebaut huet (deen Tempel, deen am Joer 70 vun de Réimer zerstéiert gi sollt). Hie war Idumäer (Nokomme vum Edom,dem Esau), d.h. Famill mat de Judden, awer ebe kee richtege Judd. Hien huet déi Räich beviirdeelegt a versicht sech mat de Pharisäer gutt ze halen, well déi groussen Afloss op déi einfach Leit haten. Wéi hien al ginn ass, huet hien ëmmer méi gefaart, et kéim een, deen hie géif vu sengem Troun erofgeheien (e politesche Messias). Dofir huet hien der och dräi vu senge Jongen embrénge gelooss. D’Erzielung vun de Stärendeiter huet also och eng gewëssen Ironie, zëmools wou et fir si keng Fro ass, ier dee Kinnek op d’Welt komm ass! Hir Fro ass, wou hien op d’Welt komm ass.

Bethlehem (V. 1)
“Haus vum Broud”, eng 7 Km vu Jerusalem ewech, Gebuertsstad vum Kinnik David. An dëser Stad sollt (der Meenung vu ville Judden no ) de Kinnek-Messias op d’Welt kommen.

- Stärendeiter (V.1)
Si si geléiert Leit, déi sech an der Astrologie auskannt hunn. Déi meeschten orientalesch Kinneken hate Stäreleit ëmt sech (ë. a.) fir fir si an de Stären ze liesen awer och als “Wëssenschaftler”. Deemools waren d’Leit der Meenung, d’Gebuert vun engem dichtege Kinnek, oder soss Helde géif duerch en neie “Stär” ugekënnegt (cf. V. 2). Hei kënnt dann nach derbäi, datt dësen Text eng Uspillung ass un Num 24, 17, en Text, deen déi Zäit vill kommentéiert ginn ass. Eng bekannten Interpretatioun huet gesot, datt, wann dee Kinnek-Messias matsen an Israel op d’Welt kéim, da wier deen e Messias fir déi ganz Welt, an net nëmme fir Israel. (Dës Art a Weis den Text vun Num ze liesen, ënnersträicht dem Mt säin Uleies, de Jesus vun Ufank un als Kinnek och fir d’Heeden ze weisen. D’Stärendeiter si komm “fir hien (= de Kinnik) vun de Judden”unzebieden“, V. 1, wat si am Vers 11 dann och maachen. Si”sinn niddergefall", d.h. si hunn de Jesus och perséinlech als hire Kinnek unerkannt.)

... de Kinnek vun de Judden (V. 2)
Dësen Titel kënnt am Mt net méi vir bis an der Passiounserzielung (Mt 27, 11.29.37.42). All Kéiers sinn et Net-Judden, déi den Titel an de Mond huelen. Mee, de Jesus ass kee politesche Messias (och wann hien als solche vun de juddeschen Autoritéiten duergestallt ginn ass fir datt d’Réimer de Jesus hu misste veruerteelen). Hien ass Kinnek am Sënn vun Zach 21, 5, nämlech duuss a vun Häerzen damiddeg (cf. Pällemsonndeg). - De Kinnek vun de Judden, de Jesus ass e Puppelchen, deen nach ganz vu senger Mamm ofhängeg ass (dat griichescht Wuert “paidion” seet dat aus; et gëtt 5x gebraucht an dësen 12 Vv.) an de grousse Kinnek Herodes panikéiert (“war hien an enger Oprou,” V. 3) “a ganz Jerusalem mat him”! Mee, et ass awer och dee Puppelchen, deen hannenoter (Mt 28, 18) seet, datt hien all Muecht kritt huet, am Himmel an op der Äerd! – Dofir gëtt dee Puppelchen, dee sech selwer nach net wiere kann, “vun uewe” beschützt (Engelen, am Dram ginn d’Stärendeiter an och de Jouseph gewarnt).

v.4
Am v. 4 “versammelt” den Herodes “d’Hohepriister” (dichteg Familje vu Jerusalem, déi mam Tempel ze dinn haten) “an d’Schrëftgeléiert vum Vollek” (déi mat Autoritéit d’Schrëft ausgeluecht hunn). Dës zwou Gruppen dinn sech zesumme géint de Jesus: d’Passioun gëtt scho ganz diskret ugekënnegt. (D’Kandheetserzielunge si geschriwwen, wéi de Rescht vun den Evangelien, duerch de Brëll vun der Operstéiung: dee Puppelchen hei ass deen Operstanenen, dee vun Ufank u Probleemer hat mat den Autoritéiten!)

Si hunn him geäntwert:... dee mäi Vollek Israel hitt (Vv. 5- 6)
Den Hohepriister an de Schrëftgeléierten hir Äntwert ass zesummegesat aus Mi 5, 1-3 an aus 2Sam 5, 2. Dat ass natierlech dem Mt säi Wierk; hie wëllt domadder weisen, datt de Jesus deen eenzegen a richtegen davidesche Messias ass. (Si sinn deemools effektiv anescht mat de Schrëfttexter ëmgaange wéi mär haut; e Copyright gouf et net, d’Texter sinn an engem Stéck interpretéiert, diskutéiert, aktualiséiert an dobäi meeschtens aus dem Gediechtnis zitéiert ginn. Den Text war och nach net offiziell fixéiert. - Hire Respekt dem Text géigeniwwer war een anere wéi eisen.)

Dueropshin huet den Herodes d’Stärendeiter heemlech bei sech geruff... (Vv. 7-9)
De V. 7 beschreiwt den Herodes esou, wéi hien effektiv soll gewierscht sinn: ëmmer a Suerg ëmt säin Troun, hannerlëschteg, schäinhälleg, an e gudde Politiker.

... waren si ausser sech vu Freed (V.10)
D’Freed ass fir d’Judden en Zeechen, datt de Messias do ass (“messianesch Freed”, wann all d’Natioune bei de Messias kommen, cf. Jes 2, 12). Si steet am Géigesaz zum Herodes sengem Behuelen a sengem Fäerten.

... d’Kand mat der Maria, senger Mamm (V. 11)
De Jouseph gëtt net ernimmt.

Du sinn si niddergefall an hunn d’Kand ugebied. Si hunn hir Schazkëschten opgemaach...Gold, Wäiraach a Myrrhe (Vv. 11-12)
Traditionell Geschénker am Orient, z.B. fir e Kinnek. Enger juddescher Iwwerliwwerung no sollt de Kinnek-Messias esou Kadoë vun allen Natioune bruecht kréien (cf. Jes 60, 6). An dës Prophezeiung ass fir de Mt an Erfëllung gaangen, doduercher, datt d’Heeden de Jesus als hire Kinnek unhuelen (wat historesch gesinn, net ouni Probleemer gaangen ass; d’Apostelgeschicht gëtt äis en Abléck an déi Spannungen, déi sech méi wéi ee Joerhonnert higezunn hunn, wann net nach méi laang. Fir de Moment ginn et eng Parti nei Fuerschungen zum Thema “Heedechrëschte/Juddechrëschten” resp. zu der Trennung tëscht juddeschem a chrëschtlechem Glawen).

Wéi si am Dram gerode kruten, net... (V. 12)
Duerch Dreem leed a féiert Gott seng Auserwielten, säi Vollek; déi Iwwerzeegung ass schonn déif an de Schrëfte vum Alen/Eischten Testament verankert (cf. z. B. Gen 20, 3-7; 31, 24; 46, 2-4) a fënnt sech dann och am Neien Testament erëm (cf. z. B. Apg 16, 9; 18, 8; 23, 11). Direkt duerno kritt de Jouseph am Dram gesot, hien an seng kleng Famill sollten sech an Ägypten a Sécherheet bréngen – ee Gléck, well dem Herodes seng Zaldote si schonn ënnerwee fir d’Kanner zu Bethlehem ëmzebréngen, asw. Hei sprangen d’Parallele mat dem Moses sengem Liewen an d’A; de Mt gëtt eis op déi Manéier – déi zu senger Zäit geleefeg war! – ze verstoen, datt de Jesus deen neie Moses ass, an dat vun Ufank un.

Françoise BIVER
fraenz.biver cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu