lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gebuert vum Här - Nuecht ABC

Lk 2,1-14

Kontext

D’Evangelium vun der Chrëschtnuecht ass en Deel vun dier sougenanntener Kandheetsgeschicht aus dem Lk-Evangelium. An deenen zwee laange Kapitele verzielt de Lk a parallelen Erzielunge vum Johannes den Deefer a vum Jesus. Déi wichteg Aussoen iwwert de Johannes resp. iwwert de Jesus leien an den Ennerscheeder an denen eenzelnen Episoden. Esou gëtt et dann och grouss Ennerscheeder tëscht der Erzielung vun der Gebuert vum Johannes (Lk 1, 57 ss) an dier vum Jesus (cf. och Kontext vum Evangelium vum 4. Adventssonndeg, a vun Helleger Owend).

D’Kandheetsgeschichten an den Evangelien (Mt a Lk; de Joh huet méi ee spezielle Prolog a beim Mk ass d’Einleitung nach anescht) sollen awer keng léif a séiss Geschichte vun engem Puppelche sinn!

D’Kanner als Kanner sinn eréischt eng Entdeckung vun deene leschte Joerhonnerten! (E Bsp: wann een d’Tableauë vun deene grousse Moler kuckt.)

An de Kandheetsgeschichte gëtt gewisen, wat emol eng Kéier aus deem Kand do gëtt. An dat, wat aus deem Kand gëtt ass scho vun Ufank un an him. Den Ufank, d.h. d’Kandheetsgeschichte verstinn sech am Beschte vum Schluss (= der Operstéiung) hir.
Am Lk hëllt de Jesus sech haaptsächlech der Sënner an den Ausgestoussener hirer un. An dofir kommen an der Kandheetsgeschicht z.B. Hiirde bei hien, esou bal hie gebuer ass. Hiirden, déi ausgestouss waren, well si duerch hire Beruff kultesch onréng waren.

Mer däerfen also bei dësen Texter net d’Fro stellen “a wéi war et da wierkelech?”, “waren et nëmme wäiss Scheewercher, déi mat bei d’Krëpp komm sinn?” asw., mee “wat ass de Sënn”, “wat soen dës Texter iwwert de Glawen un dee Jesus (den erwuessenen, operstanene Jesus) do aus?”; soss siche mer eppes am Text, wat den Auteur net drageluecht huet.

Text

Den Text vu Lk 2, 1-14, deen an de Bibele gäre mat “Naissance de Jésus” iwwerschriwwen ass, verzielt dem Jesus seng Gebuert awer just an 2 Versen (Vv. 6-7)! (Iwwregens ass de Lk deen eenzege vun den Evangelisten deen iwwerhaapt eppes seet iwwert dem Jesus seng Gebuert; de Mt ernimmt se nëmmen, cf. Mt 1, 25; 2, 1.) Vv. 1-5 verziele vun enger Volkszählung an an de Vv. 8- 14 (wann ee weiderliest, bis v. 20) gëtt vun den Hierde verzielt.

Deemools koum en Uerder vum Keeser Augustus... jiddereen an seng Stad (Vv. 1-3)
Volkszählungen sinn et am réimesche Räich ginn, wéinst de Steieren haaptsächlech. Verschiddentlech ass gefrot ginn, datt d’Leit an “hir” Heemechtsstad sollten hannescht goe fir sech aschreiwen ze loossen, esou z.B. an Egypten. Mee, esou eng Volkszählung ass et awer net zur Zäit vum Kinnik Herodes ginn (ënnert deem de Jesus op d’Welt komm ass, also viru 4 v.Chr, wou den Herodes gestuerwen ass), ma méi spéit, wéi den Herodes schonn doud war, am Joer 6 n. Chr., wéi effektiv de “Quirinius” Gouverneur a Syrie war. Vläicht huet de Quirinius, dee vun 12 v. Chr uns do Gouverneur war, scho méi fréi ugefaangen d’Leit ze zielen, vläicht huet de Lukas et och net méi genee gewosst. Dat, wat hien awer wosst a wat hie wollt weiderginn ass, datt dem Jesus seng Gebuert déi ganz deemoleg Welt eppes ugaangen ass (den Uerder kënnt vum Keeser héchstperséinlech an déi ganz Welt sollt sech aschreiwe loossen). Nierwt dem Kyrios Augustus (dem Keeser säin Titel) gëtt et elo de Kyrios Jesus (cf. v. 11), de “Retter”. De Jouseph geet op Bethlehem, esou datt fir de Lk d’Prophezeiung vu Mi 5, 1 an Erfëllung geet (cf. och Mt 2, 5-6; Joh 7, 42).

Och de Jouseph ass aus Galiläa...an déi an aneren Ëmstänn war (Vv. 4-5)
Den “David” (V.4) war zu Bethlehem op d’Welt komm. Esou ass et am Juddentum eng Traditioun ginn, no dier de Messias, “Jong vum David” och do misst op d’Welt kommen. Den Numm “Bethlehem” (V.4) heescht “Haus vum Broud”, wat jo och eng theologesch Bedeitung huet.

... mat der Maria, déi him versprach war (V.5)
Den Ausdrock ass deen nämmelechte wéi a Lk 1, 27 (dem Evangelium vum 4. Adventssonndeg). Virum Gesetz waren si bestued, awer, wéi déi juddesch Traditioun et wollt, hu si nach net zesumme geliewt.

Wéi si do waren... well am Wiertshaus keng Plaz fir si war (Vv. 6-7)
D’Vv. 1-7 si ganz einfach verzielt, ouni iwwernatierlech Elementer. Et ass d’Geschicht vun engem Mann an enger Fra, déi ënnerwee e Kand kréien, mat deene Schwieregkeeten, déi si do begéinen. – Anescht gëtt et wa vum nächste Vers uns d’Hierde mat an d’Erzielung erakommen. Mer hunn hei de Kontrast tëscht den Emstänn vum Jesus senger Gebuert, an dem Johannes senger, a mer hunn de Kontrast tëscht “a Wëndele wéckelen” (d.h. gutt versuergt) an “an eng Krëpp geluecht” (en Aarmut).

Hire Jong, den Eischtgebuerenen (V.7)
Bereed Lk 2, 23 vir wou si mam Jesus an den Tempel ginn. De Lk seet net, wou genee de Jesus op d’Welt komm ass, an dat ass fir hien och komplett onwichteg. Wat him wichteg ass, ass Bethlehem, den Aarmut, dem Jesus seng Gebuert fir déi ganz Welt,... Den Ochs an den Iesel sinn och eléischt e puer Joerhonnerte méi spéit a sougenanntene apokryphen (“geheimen”, net geliesenen) Evangelien (déi net zum Kanon vun de Schrëfte vum N.T. gehéieren) opgedaucht.

Vv. 8 ss
Vun dësem Verset un (bis de v. 21/22) kréie mer elo d’Bedeitung vun dier a knappe Wierder erzieltener Gebuert verzielt. Dat Kand, dat do op d’Welt komm ass, ass de Messias, dee Gott sengem Volléck versprach hat. An him beréieren sech Himmel an Äerd; dofir kommen dann och Engelen hei vir, mat vill Liicht asw. Déi zwou Welte beréiere sech, a fir dat auszedrécke feelen de Mënschen einfach d’Wierder. Si mussen a Biller schwätzen.

Hierden (V. 8)
D’Hierden, déi éischt Zeie waren arem Leit, déi um Rand vun der juddescher, op Réngheet beduechtener Gesellschaft geliewt hunn. – Säi Liewe laang këmmert de Jesus sech dann och ëmt sougenannte Randfiguren (cf. z.B. seng programmatesch Wierder vu Lk 4, 16ss). D’Optriede vun den Hierden erlaabt awer och de Lien ze maache mat de Verspriechen, déi de Kinnik David kritt hat (1Sam 17, 15.28.34s; 2Sam 7, 8). Mee, wann och betount gëtt, datt de Jouseph e Nokomme vum David ass, d.h., datt de Jesus den “davidesche” Messias ass, e Kinnik Messias, deen d’Réimer erausgeheit, sou seet dee Passage hei awer direkt: “Jo, dee Jesus do ass de Messias (wéinst dem David), mee, hien ass een anere Messias, wéi där äerch dat virstellt.”

Dunn ass dem Här säin Engel... an dat an enger Krëpp läit (Vv. 9-12)
Am V. 9 ass aus dem Engel Gabriel, dee bei den Zacharias a bei d’Maria geschéckt ginn ass “dem Här säin Engel” ginn. Dat “Liicht (V. 9)”, dat ronderëm d’Hierden (net d’Engelen!!!) ass, ass d’Zeechen, datt Gott sech manifestéiert, “dem Här seng Herrlechkeet” ass do präsent, Gott gräift an d’Geschicht vun de Mënschen an (cf. am N.T. d’Erzielunge vun der Verklärung, vun der Opersteeung, wéi deen Operstanenen sech weist; cf. och Jes 9, 1-6).
Wéi den Zacharias hunn d’Hierden “eng freeschlech Angscht” (V. 9), d.h. si spieren eng Mëschung vun Angscht a Respekt a si si ganz doruechter, well si net wësse wat geschitt. Si si ganz verwallt vun deem méi wéi groussen, dat op si duerkënnt. A wéi den Zacharias an d’Maria kréien och d’Hierde gesot, si sollten “net fäerten” (V. 10), well Gott net wëll Angscht maachen. Hie wëllt dem Mënsch säi Bescht. Den Engel “verkënnegt” hinnen en “Evangelium” (euaggelidsomai= eng Gutt Noriicht verkënnegen). Duerno mécht de Jesus dat, an no him seng Jünger an all déi a senger Nofolleg stinn. Dëst Evangelium gëtt eng “grouss Freed” fir d’ganzt Volléck: beim Lk ass d’Freed e wichtegt Motiv, dat dachs erëmkënnt (z.B. 1, 14; 10, 17; Apg 5, 41). Dat, wat do zu Bewthlehem geschitt, ass aktuell; et geschitt “haut” (V. 11; och e wichtegt Motiv am Lk). De Jesus kritt am Engel sengem Mond dräi Titelen: “Retter” – “Messias” – “Här” (V. 11). “Retter” ass en Titel deen am N.T haaptsächlech no Ouschtere fir de Jesus gebraucht gëtt an dann nach éischter vun Heedechrëschten (z.B. Apg 5, 31; Eph 5, 23; 2Tim 1, 10). An den Evangelien heescht et wuel, de Jesus géif Kranker, der, déi vun engem Dämon besiess si “retten”, mee, den Titel selwer ass rar.

De Messias, den Här
de Lk gebraucht als eenzegen Evangelist dës Zesummesetzung. Beim Paulus fanne mer se méi dachs. De Lk wëllt eis soen, datt dee Messias eng ganz extra Relatioun zu Gott huet. Dobäi kënnt nach datt den “Här” Jesus am Géigesaz steet zum “Här” Keeser, wat ganz wichteg war fir déi éischt Chrëschten: de Jesus ass Här, awer am Sënn vu Gott (Gott, den Här).Hien ass wierkelech “Här”.

Zeechen (V. 12)
Ass u sech en alldeeglecht Bild; nëmmen d’Ae vum Glaawe gesinn an deem Puppelchen, dat wat den Engel ugekënnegt huet. De Jesus selwer ass dat Zeechen. Den Zacharias an d’Maria haten en Zeeche kritt, datt dat Versprachent wouer géif ginn; hei ass d’Zeechen, datt et scho geschitt ass. An d’Hierde gesinn a ginn hirersäits Buete vun dier Gudder Noriicht (V. 15).

eng grouss himmlesch Arméi (V. 13)
Hei kréie mer eng “himmlesch Liturgie” beschriwwen (roderëm en aarme Puppelchen an enger Fudderkrëpp!). D’Engele luewen den Herrgott, seng Herrlechkeet (= seng Präsenz an och säin Handele fir d’Mënschen). De Fridden, vun deem hei rieds geet ass de “shalom” = net einfach kee Krich, kee Sträit, mee eng Harmonie tëscht de Mënschen a Gott, tëscht Mënsch an Natur, tëscht de Mënschen, a vum Mënsch mat sech selwer. Esou wéi et ganz um Ufank war. D’Thema vum “shalom” kënnt erëm vir wann de Jesus a Jerusalem era reit. Mee, a Lk 19, 38 sinn de Fridden an d’Herrlechkeet fir “am Himmel”. Himmel an Äerd beréiere sech. D’Hierden hunn et verstanen, a vun do uns ass näischt méi wéi virdrun, seet de Lk. A fir hien, wéi fir äis haut och nach, bréngt d’Evangelium d’Leit a Bewegung.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu