lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Äschermëttwoch ABC

Mt 6,1-6.16-18

Kontext

Mat dem Evangelium vun Äschermëttwoch sti mer am Mt matsen an der Biergpriedegt (Mt 5, 1-7, 28).

An der Biergpridegt kréie mer d’Gebrauchsanweisung fir dee Fridden (de "Shalom », wat méi ass, wéi kee Sträit, mee eng Harmonie tëscht Gott, de Mënschen an der Welt), dee Chrëschtdag ugekënnegt ginn ass.

De Mt huet an der Biergpriedegt 5 Rieden, verkënnegt op engem Bierg, opgebaut fir z’ënnersträichen, datt de Jesus, wéi séngerzäit de Moses um Bierg Sinaï, e Gesetz bréngt, en Neit Gesetz (5 Bicher Mose); de Jesus ass fir de Mt deen neie Moses.

Dëst Gesetz ass awer net ze verstoen am Sënn vum Code de la route: mer hunn hei (an och soss an den Evangelien) “Zilgeboter”, keng “Erfëllungsgeboter”; et geet ëmt eng Astellung, ëmt Haltungen, déi de Mënsch aktiv ginn dinn. Adressat vun der Biergpriedegt sinn déi Mënschen, déi décidéiert hunn, dem Jesus nozegoen.

An der Biergpriedegt steet villes vum Jesus senger “Ethik”, awer net alles. Esou feelt z. B. dat duebelt Gebot vun der Gottes- a Mënscheléift, oder d’Opfuerderung, datt keen herrsche soll.
Wann een d’Biergpriedegt liest ass et wichteg “esou soll et sinn” net ze verwiessele mat “esou ass et”. E Beispill vun haut: “eng Poar soll eng Gemeinschaft sinn” an net “eng Poar ass eng Gemeinschaft”.

Text

De Jesus sot zu senge Jünger
Déi Aleedung steet net am Mt; si gouf hei derbäigesat, ebe fir d’Evangelium anzeleeden.

"Dot uecht, datt dir net är gerecht Wierker bei de Leit zou maacht, fir ... (V. 1)
Déi “gerecht Wierker” sinn déi dräi Haaptwierker vun der juddescher Frömmegkeet, d.h. Almose ginn, d’Gebied an d’Faaschten; dës dräi Haaptwierker geet de Mt an eisem Text eent nom aneren duerch (Vv. 2-4; 5-6; 16-18). (Mer stinn am liturgesche Joer an der Dier zu der Faaschtenzäit!) – Dës Wierker si “gerecht”, well si konform si mat deem wat, dem juddesche Glawen no, dem Herrgott sengem Wëllen entsprécht. Fir de Mt spillt déi Notioun eng grouss Roll (anescht wéi bei dem Mk oder dem Lk): si kënnt vir a Mt 3, 15; 5, 6.10.20; 6, 1.33; 21, 32: de Chrëscht ass opgeruff, ze sichen, wat dem Herrgott säi Wëllen ass an deemno ze handelen; de Jesus selwer gëtt als Modell fir esou ee gerecht Liewen dohi gestallt. De Mt schléisst net aus, datt do eng Belounung vum “Papp am Himmel” (= Ëmschreiwung fir “Gott”) kënnt, mee, hie wierdert géint esou Praktiken, mat deenen ee sech bretzen oder an e gutt Liicht récke wëllt. (Dem Mt seng “Gerechtegkeet” ass ganz anescht geduecht wéi dem Paulus seng, cf. z B. Rom 1, 16f; Phil 3, 9!) An de Vv. 9-13 steet den “Eise Papp am Himmel” als Beispill, wéi ee biede soll + e klengen Exkurs iwwert d’Noloosse vu Schold (Vv. 14-15). – Wichteg ass déi bannewänneg Haltung mat dier een eppes mécht, net, datt ee gesi gëtt.

Wann s du also en Almose gëss, dann ... (Vv. 2-4)
An der juddescher Traditioun gëtt “Almose ginn” och alt emol eléng fir sech als “Gerechtegkeet” bezeechent; si huet do de Wäert vun engem Affer (cf. Sir 35, 4), dat och ka Sënnen läschen (cf. Tob 12, 9). Almose ginn ass eng Saach tëscht deem, dee gëtt an dem Herrgott, seet de Mt, an net eng Saach fir ze brawaatschen.

A wann dir biet, da maacht et net wéi déi Schäinhelleg, déi ... (Vv. 5-6)
Och hei ass et net ubruecht sech “fromm” ervirzedoen zu deene festgesatene Gebietsstonnen op deene Plazen, déi virgi waren; “Schäinhelleg” heescht biblesch net nëmmen, datt wat ee Mënsch mécht an dénkt zwee Puer Schung sinn (Vv. 2.5.16 ; 15, 7; 22, 18; 23, 13) mee och, datt ee Mënsch um beschte Wee ass (cf. 24, 14; cf. och Lk 6, 42; 12, 56; 13, 15) bis an de Kär verduerwen a gottlous ze ginn.

Wann dir faascht, da behuelt iech net wéi déi Schäinhelleg, ... (vv. 16-18)
Faaschte war ursprünglech en Zeeche vun Trauer. No an no gouf dann d’Faaschten en Zeeche fir déi grouss Trauer, déi de Mënsch iwwerkënnt wann e sech bewosst gëtt, datt hien e Sënner ass. – Esou gouf et dann nierwent deem offiziellen, liturgesche Faaschten (Yom Kippur, cf. Lev 16, 29-31; 23, 27) och dat privat Faaschten; Pharisäer an aner fromm Judden hunn 2x/Woch gefaascht a Chrëschten, déi aus dem Juddentum koumen hunn dat, am Géigesaz zu Chrëschten, déi virdrun Heede waren, bäibehalen. Och hei deen nämmelechten Opruff vum Mt “diskret” ze sinn. – De Jesus schéngt op d’Faaschten u sech net vill Wäert geluecht ze hunn (cf. z. B. Mt 9, 14-17); hie wierdert och net géint d’Faaschten u sech, mee dergéint, datt de Sënn dervu verluer gaangen ass; hie steet domadder mat de Prophéiten op enger Linn (cf. z. B. Jl 2, 13; Zach 7, 5). De Sënn vum Faaschten ass sech opzemaache fir Gott, op deen ee radikal vertraut (cf. Ex 34, 28; Mt 4, 2; Apg 13, 2f; 14, 23). Wann de Mt ëmmer erëm zu méi “Diskretioun” an der reliéiser Praktik oprifft, dann huet et wahrscheinlech Probleemer an dier Hinsicht a senger chrëschtlecher Gemeinschaft ginn. – D’Versuchung ass do déi éischt Chrëschte méi helleg ze maachen, wéi se den Evangelien, wéi och deenen anere Schrëften aus dem N.T. an Kierchepäpp hire Schreiwëssen no, waren. Dofir gëlt d’Reegel: wann en Auteur am N.T./Kierchepapp ganz staark betount, entweder datt d’Virgänger am Glawen esou an esou waren, oder awer wéi e Refrain widderhëlt, wat ze maachen/net ze maachen ass, da läit op der Hand, datt déi Leit, fir déi si geschriwwen hunn, dëst oder dat emol erëm hu misse mat Nodrock gesot kréien... (cf. z. B. Apg 2, 42-47; 4, 32-35 steet am Kontrast mat Apg 5, 1ff oder Mt 10, 11//: firwat wuël mussen d’Wanderpriedeger gesot kréien an deem Haus, dat si als éischt opgeholl huet, ze bleiwen - an net an en anert, méi schéint oder wou de Kascht besser war virun ze plënneren? asw.).

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu