lb fr pt en
Joeren ABC  
3. Dezember 2015

Péngschten ABC

Joh 20, 19-23

Kontext

Mer sinn hei am virleschte Kapitel vum Joh. (D’Kapitel 21 gouf wahrscheinlech an enger zweeter Instanz als Schluss hannendru gehaangen.) De Joh huet a sengem Evangelium eng Parti Kapitelen, wéi mer se och bei de Synoptiker (Mt, Mk, Lk) fannen, awer och der, déi nëmmen hien huet, resp. der, déi hien anescht erëmgëtt. An awer ass deene véier hiirt Uleies datselwescht : Zeie sinn. An duerop leet de Joh nach eng Kéier den Akzent (Vv. 30-31).
A Joh 20-21 liese mer véier Erzielungen iwwert Erscheinunge vun deem Operstanenen ; verschidden Elementer fanne mer beim Joh a bei de Synoptiker erëm (dat eidelt Graw, d’Erscheinung bei de Fraen, da bei de Jünger) ; mee, de Joh huet dat traditionnelt Material (= déi Erzielungen, déi och d’Synoptiker hunn) iwwerschafft, mat Detailer, déi hie vun anerwäärts hat, oder déi him wichteg waren. Esou sinn déi Leit, fir déi déi véier Erscheinungen haaptsächlech sinn, jeeweils de Modell fir eng Zort vu Chrëschten : Dee Jünger, deen de Jesus gär hat gleewt direkt ouni ze gesinn (Joh 20, 8), d’Maria Magdalena erkennt de Jesus eréischt wéi hien hatt mam Numm rifft (20, 16), déi 11 gesinn a gleewen (20, 20), den Thomas wëlt hien d’éischt kënnen upaken (20, 20).
Dem Jesus seng Jünger, Männer wéi Fraen, waren um Buedem zerstéiert wéi hire Léiermeeschter, an deen si esou vill Hoffnunge gesat haten, esou een tragescht Enn geholl huet. – Si woussten, datt deen, deen um Holz hänkt (also gekräizegt ass) vu Gott verflucht ass (Dtn 21, 22f), also schwéierlech de Messias ka sinn. – Haten si sech éiere geiert ? Waren si ier gefouert ginn ? – An dunn hunn si déi Erfahrung gemeet, déi si da mat ‘de Jesus ass aus dem Doud erwächt ginn’ oder ‘ de Jesus ass vun den Doudegen operstanen’ ëmschreiwen. Déi Erfahrung hat virun hinnen nach kee gemeet, also hunn si emol misste Wierder fannen, fir se z’ëmschreiwen ! Wéi si sech dem Jesus säi Liewen, säi Wierken, seng Rieden nach eng Kéier duerch de Kapp goe gelooss hunn, hunn si villes am Nachhinein verstanen , villes am Bléck op hir Schrëft (eist Aalt Testament, cf. Joh 2, 22)) ugekënnegt gesinn an den déiwe Sënn begraff. – De Jesus selwer, wéi hien no de villen Ausenanersetzungen ëmt de Sabbath a mat den Dichtegen, no senger Kritik um Tempel (Symbol vun der nationaler a reliéiser Eenheet a Besatzungszäiten + Bank) gesinn huet, datt hien zëvill Feinden hat, huet mat Hëllef vun der Schrëft versicht senge Leit de Sënn vu sengem Wierken a Stierwen z’erklären. Mee, villes hunn si awer eréischt no Ouschtere verstanen, an hannenoter goufen déi ganz Evangelie geschriwwen, ‘duerch de Brëll vun Ouschteren’, esou datt schonn a Galiläa an um Wee erop op Jerusalem de Credo un deen Operstanenen duerchliicht.
 D’Erzielungen iwwert dem Jesus säi Leiden an säin Operstoen si wahrscheinlech den eelste Kär, deen iwwerhaapt vun den Evangelien néiergeschriwwe ginn ass ; et ass 1. ënnert dem Bléckwénkel vun Ouschteren, duerch dee Brëll, an 2. am ‘Dialog’ mat hire Schrëften (eist A.T.) wou déi éischt Chrëschten sech un d’Geheimnis vun deem (historesche) Jesus vun Nazareth erugetaascht hunn. Bei déi Verkënnegung/Katechees koum derbäi, 3. datt d’Chrëschten ëmmer erëm hu misse gesot kréien duerchzehalen an sech Méi ze ginn a 4. datt si sech schonn no baussen hin hu misste verteidegen.

Text

Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d’Jünger sech aus Angscht ... (V. 19) :
D. h. sonndes owes ; vläicht mécht de Joh hei eng Uspillung un d’Versammlungszäit vun de Chrëschten aus senger Gemeinschaft. – D’Jünger hunn sech aus Angscht virun de Judde verstoppt : beim Joh sinn d’Judden, méi wéi an deene aneren Evangelien, Schold um Jesus sengem Doud. Hien ass och deen eenzegen, dee kloer an däitlech seet, datt d’Jünger sech aus Angscht agespaart haten. Mee, hei liicht och vläicht erëm d’Situatioun vum Joh senge Chrëschten duerch, déi keng einfach war, zëmools och an der Ausenanersetzung tëscht der Synagog an den éischte Chrëschten. (De Joh gebraucht gären ouni Nuance ‘d’Judden’ : fir hie sinn si déi béis, déi de Jesus net ugeholl hunn an déi Schold sinn u sengem Doud. Ouni de Joh entschëllegen ze wëllen, erkläert déi Haltung sech aus der konfliktueller Situatioun tëscht ‘de Judden’ a senger Gemeinschaft (wahrscheinlech d’Nowéie vun der Versammlung vu Jamnia, wou, no der Zerstéierung vum Tempel a vu Jerusalem haaptsächlech d’Pharisäer versicht hunn ze retten, wat ze rette war an dunn an der Synagog keng Leit, déi aus der Rei gedanzt sinn, wéi eben d’Chrëschten, gebrauche konnten ; dat huet natierlech och lokal zu ganz grousse Spannunge gefouert ; well ausser, datt d’Synagog nach déi reliéis Heemecht vu ville Chrëschte war, war d’Memberschaft an enger Synagog och eng Krankeversécherung, eng Versécherung géint eng Faillite, Noperschaftshëllef, asw.). D’Tendenz an de Judden déi schëlleg ze gesi gëtt duerch d’Schrëfte vum N.T. erduerch mat der Zäit ëmmer méi schlëmm: 1Thess 2, 15 (ëmt d’Joer 50/53 geschriwwen) – Mt 27, 25 ; 23, 1-39 – Apg 2, 23.36 ; 3, 13-17 ; 4, 10 ; 13, 27 (während d’Lk-Ev nach zimlech diskret d’Judden ugeklot huet) – Joh 1, 19 ; 8, 37-47 ; 9, 22 ; 12, 42 ; 16, 2 ; 18-19. - Tselwescht ëmmer méi schlecht ergeet et och dem Judas !) Et ass gutt méiglech, datt dem Joh seng Chrëschten och mat der Angscht geliewt hunn. – Deemno wieren d’Vv. vun dësem Sonndeg net nëmmen d’Erzielung vun Erscheinunge fir d’Jünger vun deem Operstanenen, mee, de Joh géif och senge Chrëschte soen : kuckt, der braucht net ze fäerten, well tselwescht wéi deen Operstanene bei d’Jünger komm ass, sou ass hien och an eiser Versammlung bei eis (cf. z. B. Joh 14, 18-19). – Fir ze weisen, datt de Jesus net méi vun dëser Welt ass, kënnt hien trotz den zouenen Dieren eran ; hie stellt sech an d’Mëtt, wéi wann hie viru Geriicht wier (cf. Joh 8, 3f) a wënscht hinnen de Shalom, wat méi ass, wéi einfach kee Sträit, mee eng Harmonie tëscht Gott, de Mënschen, der Natur, haaptsächlech versprach fir d’Zäit vum Messias, a beim Joh ëmmer un d’Persoun vum Jesus gebonnen (cf. 14, 27 ; 16, 33 ; 20, an dësem Text dräimol).

Nodeems hien dat gesot hat, huet hien hinnen seng Hänn ... (V. 20) :
Deen, deen net méi vun dëser Welt ass, ass deen, deen um Kräiz houng, keen aneren (cf. och Vv. 25.27) ; an den Här a Gott (V. 28) huet wierklech gelidden, an net nëmmen esou gemeet, wéi wann : Zum Joh senger Zäit hat och schonn d’Ausenanersetzung mat den Doketisten ugefaangen, déi iwwerzeegt waren, datt Gott net wierklech leide kéint ouni seng Göttlechkeet ze verléieren ; dat gouf spéiderhin als Ierléier veruerteelt, mee bis dohinner war et awer zum Joh senger Zäit e wäite Wee ; de Joh huet wierklech zu enger problematescher Zäit geschriwwen. (A Lk 24, 39f liese mer och den Hiwäis op dem Jesus seng Hänn an seng Féiss : hei verteidegt de Lk de Chrëschten hire Glawen : et ass dee Mënsch Jesus, dee gekräizegt gi war, deen erschéngen ass, net iergend e Geescht.) – D’Jünger freeën sech, wéi si deen Operstanene gesinn, cf. 15, 11 ; 16, 20ff ; 17, 13 ; cf. och Mt 28, 8 ; Lk 24, 41.52. Vun erféiere geet hei keng Rieds ; vläicht mécht de Joh eng Uspillung un d’Freed, déi a messianescher Zäit ënnert de Mënschen ass, an dës Freed ass en Deel vum Shalom, deen si zu Ugangs gewënscht kritt hunn ; si kruten de Fridde gewënscht, an en ass scho bei an an hinnen agetratt : hei ass och d’Iwwerzeechung mat draverwiewt, datt wa Gott eppes seet, da geschitt et (de bibleschen ‘dabar’), a bei deem Operstanenen ass et net anescht (‘den Här’ ; cf. och V. 28).

Du sot de Jesus nach eng Kéier zu hinnen : ... (V. 21) :
Dräimol (d’Ziffer vun der Komplettheet) kréien si am Ganzen de Shalom gewënscht (Vv. 19.21.26). – Mat dësem Shalom am Gepäck, ginn d’Jünger erausgeschékt ; si gi geschéckt, well och de Papp de Jesus, deen-um-Kräiz-erhéichten (Joh 14, 12-14 ; 17, 17-19), geschéckt huet .

Nodeems hien dat gesot hat, huet hien si ugehaucht a sot ... (V. 22) :
Éier si erausgi ginn si ugehaucht : de Jesus haucht d’Jünger un, wéi a Gen 2, 7 Gott dem Adam Liewen anhaucht ; de Joh léisst eis also verstoen, datt wou d’Jünger duerch den Operstanenen erausgeschéckt ginn, en neit Liewen ufänkt (vun deem de Jesus scho mam Nikodemus geschwat hat, Joh 3, 5).

Wiem dir d’Sënnen noloosst, deem sinn se nogelooss, wiem ... (V. 23) :
Et ass interessant dëse V. 23 mat Mt 16, 19 a Mt 18, 18 ze vergläichen ; de Joh ass méi allgeméng ; vläicht geet et hei ëmt d’Noloosse vun de Sënnen wann e Mënsch gedeeft ginn ass/gëtt, vläicht awer och ëmt d’Noloosse vu Sënne bei Leit, déi scho gedeeft sinn. – Op jiddfer Fall kréien d’Jünger hei eng Stellvertrieder-Roll zougewisen, esou wéi och de Mënsch, der Gen no, dem Herrgott säi Stellvertrieder an der Suerg ëmt d’Welt si sollt.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu