lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Mäertert iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 20. September, um 9 Auer aus der Kierch vu Mäertert iwwerdroen. D’Chorale mixte Ste Cécile Mertert huet ënnert der Leedung vum Edmond Zender gesongen, op der Uergel begleet vum Emile Hau.
Chorale Mixte Ste Cécile Mertert
De Gesangveräin «Chorale Mixte Ste Cécile Mertert» ass den 11. September 1970 gegrënnt ginn, wéi den «Cäcilienveräin» an de Kierchechouer, allen zwee Männerchéier, fusionéiert hunn. Wor de Gesang bis dato de Männer virbehalen, sou konnten vun elo un och Fraen dem nei gegrënnte Veräin bäitrieden.
Mat onsem stëmmege Gesang a mat Freed gi mir den kierchleche Fester dee richtege Klang. Spirituell a weltlech Concerten stinn all Joer bäi ons um Programm. Wie Spaass u Gesank a Gesellegkeet huet, ass bäi ons häerzlech wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisatioun iwwer d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Sur les routes des hommes | LD. 327 |
Kyrie | Seigneur prends pitié | MG. 958 |
Gloria | Grosser Gott wir loben Dich | MG. 257 |
Zwëschegesank | Der Herr ist nahe allen die ihn rufen | Psalm 145 |
Alleluja | Alleluia Irlandais | LD. 206 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Solistin: Herr Deine Güte | A.E. Groll |
Sanctus | Saint, Saint | MG. 969 |
Anamnèse | Geheimnes vum Glawen | R. Ponchelet, arr. E. Schmartz |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | MG. 975 |
Kommuniounslidd | Solistin: Ave verum | W.A. Mozart |
Schlusslidd | Laisserons nous à notre table | LD.236 |
Sortie: Uergel | Highland Cathedrale | Michael Korb; arr. Emile Hau |
Chouer: Chorale Mixte Ste Cécile Mertert
Dirigent: Edmond Zender
Organist: Emile Hau