lb fr pt en
Wegweiser Jahr A (2016-2017)  
13. Mee 2017

Keng „Superchrëschten“

Wegweiser zum 5. Ouschtersonndeg (14.05.2017)

„Wie mécht wat?“, mat dëser Fro konfrontéiert eis déi éischt Lesung vum 5. Ouschtersonndeg aus der Apostelgeschicht (Apg 6,1-7). An der Gemeinschaft vun den éischte Chrëschte leeft net alles ronn; et gi Problemer well Mënschen „iwwersi“ ginn, well sech keen ëm hirt Uleies këmmert. Et gëtt Gespréich, et gëtt gemeckert a schliesslech ginn d’Apostelen mat der Saach konfrontéiert well kee sech „zoustänneg“ fillt.

Och déi éischt Chrëschten, déi dem Jesus, op mannst zäitlech gesinn, esou no waren, déi de Jesus, zum Deel, nach selwer erlieft hunn, waren also keng „Superchrëschten“, déi all Situatioun intuitiv direkt am Grëff haten. Mee wat maachen, fir dass elo kee sech aus der Gemeinschaft ausgeschloss spiert? D’Apostelen meeschteren dës Situatioun nawell ganz virbildlech andeems:

  • si de Problem eescht huelen an net kleng rieden nom Motto „et ass jo alles net esou schlëmm …“.
  • si spieren, dass elo gehandelt muss ginn. Meckeren elleng léisst kee Problem!
  • si de Courage hunn ëppes ze änneren, och wann dës Verännerungen Répercussiounen bis an d’Strukturen vun der Gemeinschaft wäerten hunn.
  • si sech bewosst sinn, wou hir Kompetenzen leien a wat hir spezifesch Aufgabe sinn. Si selwer kréien de Problem net geléisst an dofir zécke si net fir Verantwortung ofzeginn.
  • si vertrauen drop, dass et an der Gemeinschaft Mënsche ginn, déi fäheg sinn de Problem an de Grëff ze kréien. Dës Mënschen gëllt et ze fannen, ze invitéieren an ze motivéieren.

„A wie mécht dann elo wat?“, ass sécher eng Fro déi an nächster Zäit an den 33 neie Paren vun der Erzdiözes Lëtzebuerg méi dacks gestallt wäert ginn. Vläit kéint jo dann d’Lesung vun dësem Sonndeg als Impuls déngen fir dës, oder ähnlech Froen ze beäntwerten.

(Quelle: wort.lu)

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu