lb fr pt en
Wegweiser Jahr B (2017-2018)  
24. Februar 2018

Däi Gott ass e Gott vum Liewen

Wegweiser vum 2. Faaschtesonndeg (2018)

Am Buch Genesis kënne mir noliese wéi den Abraham vu Gott selwer den Uerder kritt, fir säi Jong Isaak ze afferen. Dëse Wonsch ass net nëmmen äusserst brutal an onmënschlech, mee en ass och nach absolut kontraproduktiv well den Isaak ass dach dee Jong, deen dem Abraham vu Gott versprach ginn ass fir d’Zukunft vu senger Famill a vum ganze Vollek ofzesécheren.

Weess dee Gott da net wat e wëll? Oder huet hien elo stënterlech seng Meenung geännert? Wat ass hei lass? Mee net nëmmen dem Härgott seng Fuerderung mee och dem Abraham seng Reaktioun ass absolut onverständlech: hie follegt einfach ouni de geréngste Widderstand, ouni déi geréngsten Oppositioun, ouni déi geréngste Klo. Den Abraham reagéiert net wéi e Familljepapp mee quasi wéi e Roboter. Wéi en Hampelmann léisst hien des liewensfeindlech Demande iwwert sech ergoen … jo an ass esouguer nach kalbliddeg genuch fir dräi Deeg laang mat sengem Bouf a Richtung Schluechtplaz ze pilgeren. Historesch gesinn ass des Reaktioun vläit ze verstoen, well zum Abraham senger Zäit war et üblech, de Götter Affer ze bréngen: Liewensmëttel, Wäertgéigestänn, Déieren an esouguer Mënschen.

Och aus der méi rezenter Geschicht an esouguer aus den aktuellen Noriichte kenne mir genuch Beispiller, wou Mënschen net zécke fir aner Mënschen, an och Kanner, ze affere fir hir Ziler duerchzesetzen. A wa mir éierlech sinn, da mussen och mir zouginn, dass och mir eis e Stéck wäit un esou ähnlech Grausamkeete gewinnt hunn: wéivill Kanner mussen all Dag séilesch a kierperlech leiden, ouni de geréngste Widderstand, ouni déi geréngsten Oppositioun vu Mënschen, déi sech fir dës Kanner asetze kéinten oder missten.

Gott sei Dank kritt eis Geschicht awer e gutt Enn: Stop! Haal op domadder! Däi Gott wëll keng esou Grausamkeeten. Däi Gott wëll weder Leed nach Doud. Däi Gott ass e Gott vum Liewen; däi Gott ass e Gott vun der Léift. An dëser Geschicht vollzitt sech e radikale Wandel vum Gottesbild: aus dem strenge Gott, deen alles kontrolléiert, dee mam Fanger op all Feler weist an dee mat all méiglechen Affer bei Laun gehaal muss ginn, gëtt e Gott vum Liewen, e Gott vun der Léift, e Gott vum Erbaarmen. Net nëmmen den Abraham huet dat misse léieren, mee och fir eis, als Chrëschten, ass dëst Gottesbild all Dag op e Neits eng grouss Erausfuerderung.

Quell: wort.lu

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu