lb fr pt en
Sonndesmass  
15. Mee 2018

D’Sonndesmass gouf op Päischten vun Hemstel iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf op Päischtsonndeg, den 20. Mee, um 10.30 Auer aus der Kierch vun Hemstel iwwerdroen. D’Chorales Sainte-Cécile Bech-Biwer-Hemstal hunn ënnert der Leedung vum Thomas P. Osborne gesongen, um Keyboard huet d’Libby Kramer begleet.

D’Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstel

Zënter geschwë 15 Joer sangen d’Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstel zesummen. Dës frëndschaftlech a musikalesch Zesummenaarbecht iwwer déi fréier an heiteg Pargrenzen ewéch dréit hier Friichten fir eng engagéiert a leidenschaftlech musikalesch Gestaltung vun de Gottesdéngschter a doriwwer eraus fir Concerten an der Regioun. De Chouer versteet säin Asatz als e Beitrag zur spiritueller a mënschlecher Solidarität an de Pargemeinschaften an an den Dierfer. De breet gefächerte Répertoire, deen ëmmer erweidert gëtt, begeeschtert Sänger an Nolauschterer gläichermoossen. Déi ongeféier 25 Sänger a Sängerinnen giffe sech awer och iwwer nei Sängerkollegen vun Häerze freeën. D’Prouwe si mëttwochs vun 19.30 bis 21.30 Auer, ofwiesselnd zu Bech an zu Hemstel.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Komm, Gott Schöpfer, Heiliger Geist P. Pachelbel
Agangslidd Lasst uns ziehen zu den Quellen des Lebens Franz-Thomas Sonka, Norbert M. Becker, Thomas Kladeck
Kyrie Missa Princeps pacis William Lloyd Webber
Gloria Missa Princeps pacis William Lloyd Webber
Psalm Sende aus deinen Geist + Ps 104 O. Vecci
Sequenz Veni Sancte Spiritus Magn 243
Alleluja Alleluia, Esprit donné pour la vie Charles Singer, Michel Wackenheim
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Holy Spirit, Truth divine Lloyd Larson
Sanctus Missa Princeps pacis William Lloyd Webber
Anamnèse Gloire à toi Petite Messe, Jo Akepsimas
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa Princeps pacis William Lloyd Webber
Kommuniounslidd Entdecke das Geheimnis Markus Erhardt, Robert Haas
Danksagungslidd Des Heilgen Geistes Gnaden gross H. Schütz
Schlusslidd Esprit de Pentecôte Maurice Debaisieux, Mannick

Chéier: Chorales Sainte-Cécile Bech-Biwer-Hemstal
Dirigent: Thomas P. Osborne
Keyboard: Libby Kramer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu