lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass op Pällemsonndeg gouf vum Houwald iwwerdroen
Den 24. Mäerz gouf d’Houmass vum Houwald iwwerdroen. D’Chorale réunie Gemeng Hesper huet ënnert der Direktioun vum Carlo Marx gesong, begleet op der Uergel vum Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9.00 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale réunie Gemeng Hesper
D’Chorale Sacré-Coeur vum Houwald, di dëst Jor hire 75.Gebuertsdag feiert, besteet nach aus 10 aktive Sängerinnen.
Zanter 6 Méint hu mer eng ganz flott an intensiv Zesummenaarbecht mat Sängerinnen a Sänger aus de Chéier vun Alzeng, Fenteng, Izeg an dem Mezzoforte. 30 Leit hu sech zesummefont fir an der Houwalder Kierch all Begriefnisser, sämtlech kierchlech Fester, des Tëleesmass, Hochzäiten a selbstverständlech all Sonndesmassen ze sangen an dat mat vill Freed an Engagement.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improvisatioun iwwert d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Jesus zieht in Jerusalem ein | LD 428 |
Kyrie | de Lourdes | LD 131 |
Tëschegsank | Lauda Jerusalem | LD 430 |
Alleluia | Victimae Pascali Laudes, duerno Alleluja-Ruff | Magn. 215 |
Credo | gëtt gebied | |
Gowelidd | C’est Toi Seigneur, le pain rompu | LD 294 |
Sanctus | Heilig bist du | LD 252 |
Anamnes | Crucem tuam adoramus Domine | Taizé |
Vater unser | Notre Père | Rimsky Korsakow |
Agnus Dei | Mein Heiland,Herr und Meister | Franz Schubert |
Kommiounslidd | Jesus bleibet meine Freude | Johann Sebastian Bach |
Schlusslidd | Tochter Zion | Georg Friedrich Händel |
Uergel: Sortie | Allegro molto-Sonate nr. 6 | Felix Mendelssohn |