lb fr pt en
Priedegten  
19. Mee 2019

Bleif bei eis, mat der Maria, der Mamm / Joh 19, 25-27

Lauschtert a liest d’Priedegt vum Abbé Guy Diederich wärend der Pontifikalmass (19. Mee 2019)

Hiféierung

„Erziel eis eppes Léiwes iwwer d’Muttergottes!“ krut ech un d’Häerz geluecht.

Ech hunn e puer ganz léif Saachen iwwer d’Maria, dat Meedchen oder déi Fra aus Israel, an och iwwer d’Maria als Tréischterin am Leed, wéi mir si veréieren, fonnt.

„Gott konnte nicht überall sein, darum erschuf er die Mütter!“ seet e jiddescht Sprachwuert. Dofir komme mir an d’Oktav, wou mer der Maria, der Jesusmamm, begéinen, hirem Jong, dee si um Aarm dréit, an dem Herrgott selwer, deen am Jesus op d’Welt koum.

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Bei menger Ëmfro, iwwert wat ech hei soll schwätzen, do hunn och en etlech Leit mer gesot: „Fro net laang, so einfach eppes Léiwes iwwert d’Muttergottes!“ – et wier jo och keng Oktav, wa mer net wéinstens eng Kéier eppes Léiwes géingen iwwert d’Jesusmamm, d’Maria soen oder héieren.

Kuckt emol hiert Bild hei um Votivaltor! – Dir hutt et méi liicht, Dir gesidd Si direkt virun Iech, ech muss mech ëmdréinen… Et ass e schéint Bild, wéi Si esou kuckt an da mat dem Jesuskand um Aarm (fannt Dir net och?). Ech muss zwar gestoen, ech hat Si léiwer, wéi Si nach däischter am Gesiicht war, mat dem Rouscht vu „Jorhonnerte laang Käerze gebrannt“. Mee och elo ass et fir mech e schéint Bild, mir alleguer sinn, zanter mer Kanner waren, dru gewinnt.

Ma da soen ech Iech elo eppes léiwes vun der Jesusmamm: dat hei…, wat eis esou gefält a wou mer eis esou doheem spieren, dat ass nëmmen eng Statu aus Lannenholz. D’Maria deemools, dat „Mädchen Du in Israel“ war nach ganz aneschters. Et kéint ee vun hir behaapten, Si wier net fotogen gewiescht, well a Wierklechkeet ass Si nach vill besser, wéi eis Statu hei a wéi all aner Biller Si weise kënnen.

„So eppes Léiwes iwwert Si!” hate Leit gefrot. Ma Si war e Meedchen, eng Fra wéi Dir Dammen alleguer, Si war e Mënsch ewéi mir.

Si huet geschafft, wat alles, dat ass eis net gesot ginn. Mee d’Leit hunn déi Zäit alleguer geschafft. Si huet gebiet a gesongen, dat schreift de Lukas, dee schéngt Si gutt kannt ze hunn. En erzielt zimlech vill vun hir, a wat interessant ass, hie schreift, Si hätt e gudde Verhalt gehat. 2x steet a sengem Evangelium, Si hätt alles an hirem Häerz verhalen.

Si ass op Besuch gaangen, esouguer ganz wäit, eleng zu Fouss a Si huet sech geflass. Do gesäis Du, datt Si couragéiert war, an Si huet sech net ëmmer un d’Gebräicher gehal. Et war nämlech déi Zäit de Gebrauch, datt eng Fra net esou wäit eleng op d’Rees goe soll. Fir bei d’Kusinn Elisabeth war Si 2-3 Deeg ënnerwee, och wa Si sech geflass huet.

Si war ausser sech, wéi Si de Jesus 3 Deeg zu Jerusalem gesicht hunn, an, wéi Si hie bis fonnt hunn, do huet Si him Virwërf gemaach an dobäi de Jousef guer net zur Ried komme gelooss. Ech ka mer denken, en etlech Dammen heibannen (wéinstens 3) fanne sech doranner erëm.

Si huet zu Kana matgedanzt a gefeiert, deemools huet Si nach gesot: „Alles, wat hien Iech seet, dat maacht!“ mee, e puer Méint duerno huet si hire Jong net méi verstan.

Si huet Onvirstellbares erlieft, wéi de Jesus grausam gestuerwen ass.

Elo hat ech awer nach eppes wichteges vergiess: „Du kriss e Jong, a mat him kënnt Gott an d’Welt!“ Deemools schonn (also net eréischt 30 Joer duerno) huet Maria d’Welt net méi verstanen. „A wéi soll dat da goen?“ hat Si gefrot. Do si mir mat eisem Liewen erëm ganz no bei hir, mir verstinn et bis haut och nach ëmmer net richteg.

De Geescht kënnt iwwert d’Maria, dat huet fir mech absolut glat näischt mat Gynekologie ze din. (Dir wësst et vläicht net, mee an der Sprooch, déi d’Maria verstanen huet, ass den hellege Geescht weiblech!)

An dëser Erzielung steet dem Herrgott säi Geescht vis-à-vis vun dengem, vu mengem an och vun der Maria hirem Mënschegeescht. Mäi Mënschegeescht wäert, grad ewéi hiren deemools, ni fäerdeg ginn, dat do ze verstoen. Et ass net fir ze soen: „Denk net driwwer no, Du versteess et jo dach net!“ (an da geschitt et séier, datt de Geck mat deem gemaach gëtt, wou eppes net versteet.)

Mee et ass just de Contraire: „Denk virun, an ëmmer virun driwwer no, mee sief es gewëss, Du gëss ni fäerdeg, et ze verstoen.“ (Ech stinn do ganz am Ufank.) D’Maria ass do net vill anescht wéi mir Mënschen all.

Wat fir eng Mamm a wat fir e Papp ënnert Iech, ass da ganz fäerdeg gi mat deem Gedanken, datt däi Kand, Dir, Dengem Partner an Ärer Léift säi Liewe verdankt. Do steet och Däi Mënschegeescht vis-à-vis vum Herrgott sengem Schëpfergeescht. Ass dat dann net faszinant? Fir Mënsche vun haut, Pappen a Mammen, a fir d’Maria deemools?

An elo kënnt Bethlehem, do wëll ech Iech eppes Léiwes soen: „D’Jesusmamm huet net 1,75 m vun der Krëpp ewech geknéit an Anbetung gemaach. Si war ganz no beim Këndchen, hëlt hien op den Aarm, niert hien a changéiert d’Lompen, wann eppes dra war.

Kuckt emol nach eng Kéier hei op den Altor, Si huet hiert Kand um Aarm. Wëllt Dir nach eppes Schéines héieren? Wat gëtt et fir e Këndche méi Schéines, wéi seng Mamm? Mat 6 Wochen huet de Jesus seng Mamm erkannt, grad ewéi mir och an deem Alter eis Mamm erkannt hunn. A well fir all Kand d’Mamm déi schéinsten a léifste Fra vun der Welt ass, war dat och esou fir de Jesus. (Et gëtt Ausnamen: Ech hat Iech jo vum Béifchen erzielt, dee gesot hat: „Du kenns jo meng Mamm: schro, schro, schro! Dat sollen a mussen awer Ausnahme bleiwen, wa mer un d’Maria denken, erane mer, wéi eng gutt a léif Mamm soll sinn – a fir d’Pappe steet de Jousef als Modell).

Ech hunn Iech dat elo esou gesot, et ass just fir Iech drun ze erënneren. Ech gleewen, datt Dir dat alles wësst an dat och an deem Sënn maacht. BRAVO a villmols MERCI!

Ech kommen nach eng Kéier drop zréck, datt d’Maria de Jesus op eemol net méi verstaanen huet. Si war matgaang, wéi d’Famill de Jesus erëm mat heem huele wollt. Si soten, hien hätt se net méi all. Déi Leit vun Nazareth, déi de Jesus kannt hunn, déi hu scho gestaunt a sech gefrot, wou hien dat alles hier hätt. Mengt Dir net, datt seng Mamm sech dat net gefrot huet: „Wou kënnt hien dorunner?“ Dës Fro hu sech bis elo nach bal all Eltere gestallt, wann d’Kanner ufänke maans ze ginn. Jo, dat kann aus der Schoul sinn, der Maison-relais oder soss Plazen, wou d’Kanner hikommen oder aus dem Internet.

Mee grad ewéi d’Maria, huelt Dir als Elteren net an Uecht, datt Villes wat Dir un de Kanner net verstitt, bei Iech an der Famill gewuess ass (Villes, net Alles). Dir waart et Iech just net ëmmer bewosst.

Wat de Jesus verkënnegt, dat ass zum groussen Deel an dëser Famill zu Nazareth gelieft ginn (dovu sinn ech iwwerzeegt). Bei dëser aussergewéinlecher Mamm, Si hat „Jo“ zum Engel gesot, ouni ze verstoen, wat elo mat hir geschitt. An dann de Jousef, dat huet dach an deem Stot esou en iwwerzeegend gudde Mann musse gewiescht sinn, datt de Jesus net aneschters konnt, wéi Gott als Papp ze verkënnegen.

„Wou kënnt hien (hat) dorunner?“ Léif Elteren a Grousselteren, wat hutt Dir eng immens Chance, onbewosst Weeweiser fir eng ganz Generatioun ze sinn. Och wann Traditiounen a Gebräicher ënnert den Dësch falen – dovun hate mer d’lescht Woch rieds, och de Jesus huet sech net ëmmer un alles, wat Traditioun war, gehalen. Mee, datt aus Alem eppes guddes Neies wiisst, do läit de Somkär, den Ufank, an Ärem Häerz.

D’Maria war op Golgotta dobäi, seet de Johannes, mer haten et elo grad am Evangelium gelies. Wat hat Si do matgemaach? A wat hunn d’Elteren an deem Sënn net och scho missen erliewen? Do ass vill Schwätzen net gutt. Kommt mer halen een Abléck Stëllt fir all deem Misär ze begéinen, deen d’Maria an onzieleg Mammen a Pappen hu misse matmaachen.

Als lescht, d’Maria war ouni Sënd. Do mengs Du bestëmmt, et wier awer elo doran net méiglech, datt mir hir gläichen. Ech hunn eng Iddi: Si war ouni Sënd, a mir, mir wieren et gär. Do si mir erëm ganz no bei hir, wëll mir virun engem Gott liewen, deen eng Kéier engem Hellegen ze verstoe ginn huet: „Ton désir est pour moi réalité!“ Si war ouni Sënd, a mir wieren et gär!

Et huet eng ganz sympatesch Damm vu Mënster mir un d’Häerz geluecht, ech soll och eppes iwwert dat schéint Gezei soen, an der Muttergottes hir Krounen a Bijouen. Opgepasst, wa Männer iwwert Fraleitsgezei schwätzen, dann huet dat e gewësse Risiko, sech ze blaméieren.

D’Bild vun der Tréischterin ass schéin, mee a Wierklechkeet huet d’Maria ganz anescht ausgesinn: kee Brokat a kee Gold. Vläicht hätt Si, déi jo ouni Sënd war, et dach e bëssen als Sënd ugesinn, wa Si esou dorëmmer gelaf wier.

All dat schéint Gezei, Zepteren a Kroune verstinn ech esou, datt am Laf vun de Jorhonnerten d’Leit der Jesusmamm eppes vu sech selwer wollte ginn, eppes Schéines a Wertvolles.

An dann nach deen heie Gedanken: all déi schéin a léif an och di schwéier Sachen aus der Maria hirem Liewen, vun deene mer elo esou laang rieds haten, déi ware fir eis Virfaren esou wertvoll, datt si se mat Brokat, Gold a Sëlwer agewéckelt hunn. Déi schéin a wertvoll Kleeder fannen hire Sënn doranner, datt si eppes nach vill méi Wertvolles kleeden.

D’Kleed ass net wichteg, mee, déi, déi drastécht. Wann den Awéckelpabeier schonn eng Pracht ass, wat ass dann eréischt de Cadeau selwer?

Dat waren alles Zeeche vun der Zäit. 300 Joer war dat och ok esou. An elo kënnt nach eppes, wat nach vill méi schéin ass, wéi d’Gezei an d’Krounen. Nu lauschtert gutt:

1978, wéi d’Dräihonnertjoerfeier vun der Erwielung vun der Tréischterin gefeiert gouf, do hat e formidabele Mënsch eng grad esou formidabel Iddi. Et war den Dechen Jean Heinisch vun der Gare (schued, datt et haut an eiser Kierch keng Leit vu sengem Format méi ginn). Den Dechen sot 1978: „Ier elo ee kënnt, dee fir den Tricentenaire der Muttergottes nei Kroune kafe wëllt, musse mir elo eppes ënnerhuelen!“ an dat gouf Zeeche vun eiser Zäit. Hien huet mat ville gudde Leit, déi gehollef hunn, d’Fondation du Tricentenaire gegrënnt, finanzéiert vu Gelder, déi d’Leit gespent hunn als Merci fir 300 Joer Trouscht am Leed.

En Doheem fir blesséiert Mënschen ass gebaut an zanterhier vergréissert ginn. En Zeeche vun eiser Zäit, wat dem Liewe vun der Maria, hirer Gottes- an Nächsteléift gerecht gëtt. E Kleed, eng Kroun, déi Si bestëmmt gären unhuet.

„Gott konnte nicht überall sein, darum schuf er die Mütter“ seet e jiddescht Sprachwuert. Ob d’Maria dee Sprooch scho kannt huet, weess ech net. Ech mengen, hiert Liewe war awer deemno, an all aner Mammen hiert och esou oder bal esou.

Villmools Merci alle gudde Mammen.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu