lb fr pt en
Sonndesmass  
30. Juli 2021

D’Mass um 18. Sonndeg am Joreskrees gouf den 1. August vum Houwald iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 1. August um 9 Auer aus der Kierch vum Houwald iwwerdroen. D’Chorale Sacré-Coeur séngt ënnert der Direktioun vum Carlo Marx a gëtt op der Uergel begleet vum Marc Loewen. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an ausnahmsweis schon um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D’Chorale Sacré-Coeur Howald

Eis Chorale ass 1949 gegrënnt ginn a besteet haut nach aus 11 Sängerinnen, di all Sonnden um Houwald d’Mass sangen. Als Chorale réunie zesumme mat anere Chorallen aus eiser Hesper Gemeng sange mer nach schéi stëmmeg Massen fir besonnesch Geleeënheeten an dat mat vill Freed an Engagement.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Monologues I. op. 162 Josef Rheinberger
Agangslidd Dieu nous accueille LD 103
Kyrie Petite messe du dimanche Jo Akepsimas
Gloria Petite messe du dimanche Jo Akepsimas
Alleluia Chante au Seigneur P. André Gouzes
Credo gëtt gebiet
Gowebereedung I love you, Lord Laurie Klein
Sanctus Petite messe du dimanche Jo Akepsimas
Anamnes Aujourd’hui nous célébrons LD 266
Agnus Dei Petite messe du dimanche Jo Akepsimas
Kommioun Jesus bleibet meine Freude Johann Sebastian Bach
Schlusslidd Hymne en action de grâce Edward Elgar
Sortie Concerto in G (Allegro) BWV 592 Johann Sebastian Bach

Et séngt d’Chorale Sacré-Coeur Howald
Direktioun: Carlo Marx
Uergel: Marc Loewen

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu