lb | fr | pt | en |
D’Mass vum Päischtsonndeg gouf den 23. Mee vu Steenem iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf op Päischtsonndeg, den 23. Mee aus der Kierch vu Steenem iwwerdroen. D’Mass gouf als Tëleesmass dës Kéier ausnahmsweis um 9 Auer live op RTL ZWEE iwwerdroen an um 10.30 Auer op .dok TV widderholl. D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem huet ënnert der Leedung vum Nadja Burdot-Koob gesong. Op der Uergel huet d’Ursula Kattinger-Stephany begleet.
D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem
Lescht Joer war den 125. Anniversaire vun der Chorale Ste Cécile vu Steenem. Gegrënnt gouf d’Chorale am Joer 1895 vun enger Grupp Männer aus dem Duerf. Iwwer zwee Weltkricher huet dëse Männerchouer fläisseg d’Sonndesmassen gesongen. Am Joer 1967 hunn si 10 Meedercher als Verstäerkung an de Chouer geholl. Dat war d’Entstoen vun der Chorale mixte, déi ënnert dem selwechten Numm weider gefouert gin ass.
Interesséiert Leit déi Freed um Sangen hunn, sinn häerzlech Wëllkomm. Eis Prouwen sinn Mëttwochs, vun 20.00 bis 21.30 Auer bei enger gudder Ambiance. Wärend der Pandemie sinn Ännerungen méiglech.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg hei am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée / Uergel | Veni Creator Spiritus | Variatiounen |
---|---|---|
Agangslidd | Mächtige Ströme des Segens | J.M. Granahan |
Kyrie | Kyrie eleison | GL 155 |
Gloria | Gloria in excelsis Deo | Kanon |
Tëschegesang | Komm Heilger Geist | Mg 241 |
Alleluia | Alleluja | Mg 1138 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Bringt das Brot vor das Angesicht des Herrn | |
Sanctus | Saint, Saint le Seigneur | Mg 969 |
Anamnes | Geheimnës vum Glawen | Mg 1092 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | Mg 973 |
Kommioun | Vater unser | H. Haller |
Schlusslidd | Schau, heilger Apostel | Mg 898 |
Sortie | Festliches Präludium |
Et séngt d’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem
Direktioun: Nadja Burdot-Koob
Uergel: Ursula Kattinger-Stephany