lb fr pt en
Sonndesmass  
16. Abrëll 2019

D’Sonndesmass gouf op Ouschtere vun Hueschtert iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gëtt op Ouschtersonndeg, den 21. Abrëll, um 10.30 Auer aus der Kierch vun Hueschtert (Nidderaanwen) iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert séngt ënnert der Leedung vum Jean Schumacher, op der Uergel begleet de Stefan Dorneanu. Op der Gei spillt de Ruben Dorneanu.

Chorale Ste Cécile Hueschtert

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1958 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An denen laange Joeren hat d’Chorale eelef Presidenten an nëmme 4 Dirigenten.

Haut besteet d’Chorale aus 24 aktive Memberen. Dirigent ass den Här Jean Schumacher. Organiste sinn: Stefan Dorneanu a Kirsten Elmquist.

Mat eisem Gesank verschéinere mir all kierchlech a weltlech Fester. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wie Loscht huet fir ze sangen, kann emol kucken kommen. Eis Prouwe si mëttwochs vun 20 bis 22 Auer an eisem Proufsall (6, rue Principale) zu Hueschtert.

D’Kontaktpersoun ass d’Juliette Beffort, Tel.: 691-340442, email: juliette.beffort@gmail.com.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Christ lag in Todesbanden Johann Heinrich Buttstedt
Agangslidd Wir wollen alle fröhlich sein Wolfgang Stockmeier
Kyrie Missa civilis in B Johann Valentin Rathgeber
Gloria Gloria, Ehre sei Gott Kathi Stimmer-Salzeder
Zwëschegesank In resurrectione tua Taizé
Alleluja Christ ist erstanden Salzburg 12 Jorhonnert
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Au matin dans la clarté Pierre Delay
Sanctus Saint, le Dieu de l’Univers Jacques Berthier
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa civilis in B Johann Valentin Rathgeber
Kommuniounslidd Joie sur terre Léon Guillou
Schlusslidd Preis dem Todesüberwinder L.D. 458
Sortie: Uergel Erstanden ist des Heil’ge Christ Johann Sebstian Bach

Chouer: Chorale Ste Cécile Hueschtert
Dirigent: Jean Schumacher
Organist: Stefan Dorneanu
Gei: Ruben Dorneanu

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu