lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf op Ouschteren vu Walfer iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf op Ouschtersonndeg, 1. Abrëll, um 10.30 Auer aus der Kierch vu Walfer iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vu Walfer huet ënnert der Leedung vum Elisabeth Schmit gesongen, op der Uergel huet de Roger Goodwyn begleet.
Chorale Sainte-Cécile vu Walfer
D’Chorale Sainte-Cécile vu Walfer besteet zënter méi wéi 160 Joer. Nieft hirer Tätegkeet d’Mass op de Sonndeger a Feierdeeg mat hirem Gesank ze verschéineren, ass d’Chorale och musikalesch aktiv, wann an der Gemeng eng Festlechkeet usteet. Dirigentin ass d’Madame Elisabeth Schmit, Organiste sinn d’Häre Roger Goodwyn a Jean-Pierre Kinn. D’Gesellegkeet gëtt och gefleegt an all 2 Joer gëtt zesummen e groussen Ausfluch gemaach.
Nei Sängerinnen a Sänger sinn häerzlech wëllkomm. D’Prouwe sinn donneschdes ëm 20 Auer am Centre Princesse Amélie.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Plein Jeu du Premier Ton | Louis Marchand |
---|---|---|
Agangslidd | Christ est vraiment ressuscité | Melchios Vulpius |
Kyrie | Missa Brevis | Théodore Dubois |
Gloria | Missa Brevis | Théodore Dubois |
Zwëschegesank | Terre entière | Magnificat 1035, arr. Pierre Drauth |
Alleluja | Alleluia | Pierre Drauth |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Chrétiens chantons | Magnificat 1036, harm. Robert Jef |
Sanctus | Missa Brevis | Théodore Dubois |
Anamnèse | Jesus Christus, operstane vum Doud | Jean-Pierre Schmit |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa Brevis | Théodore Dubois |
Kommuniounslidd | Du bist bei uns in Wein und Brot | Andreas Gassner |
Schlusslidd | Christus ist erstanden | Magnificat 828 |
Sortie: Uergel | Offertoire sur “O Filii et Filiae” | Alexandre Guilmant |
Chouer: Chorale Sainte-Cécile vu Walfer
Dirigentin: Elisabeth Schmit
Organist: Roger Goodwyn
- D’Radiosmass gouf op Chrëschtdag aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Mass um 34. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Hueschtert (Nidderaanven) iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf aus der Kathedral iwwerdroen (18.10.20)
- D’Sonndesmass gouf vun Habscht iwwerdroen (26. Juli 2020)
- D’Sonndesmass gouf aus dem Mutterhaus vun de Franziskanerinnen iwwerdroen