lb fr pt en
Sonndesmass  
25. November 2020

D’Sonndesmass gouf vu Belval-Metzerlach iwwerdroen

Elo am Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 29. November, um 9 Auer aus der Kierch vu Belval-Metzerlach iwwerdroen. Et huet de Cercle Vocal BelVal-Metzerlach gesongen, op der Uergel begleet vum Claude Clement an op de Flüten vum Ria an Anne Clement.

Cercle Vocal BelVal-Metzerlach

Wéi di nei Par BelVal-Metzerlach entstan as, gouf 1960 och de Cercle Vocal gegrënnt. De Cercle Vocal as mat der Par gewuess an zanter 50 Joer dofir och enk mat der Kierch vum Metzerlach verbonnen, déi sou ze soen dem Chouer séng Heemecht as. Ëmmer um kierchlechen wéi och um weltleche Plang aktiv, huet de Cercle Vocal sech an de leschte Joren erëm méi op di musikalesch Gestaltung vun der Liturgie konzentréiert.
Momentan as de Cercle Vocal e klenge Grupp vun ganz engagéierten Sängerinnen, déi vill
Wäert op gutt Sangen a Frëndschaft leeën. An hire Prouwen Dënschdes vun 19.30 - 21 Auer heeschen si och ganz gär nei Sänger/innen wëllkomm!

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Sonate fir 2 Flütten a Basso continuo 1.“Allegro“ G.F. Händel
Agangslidd Mär warden, waarden, waarden R. Ponchelet; J. Leyder
Kyrie Kyrie eleison Taizé (LD 125)
Alleluja Chante halleluia au Seigneur
Credo Je crois, Seigneur, tu es source de vie M. Débaisieux (LD 214)
Fürbitten O Lord hear my pray’r Taizé (LD 60)
Gowelidd Let us break bread together on our knees Spiritual (LD 237)
Sanctus Sanctus Kanon
Friddenslidd Il est vivant Noël Colombier (LD 269)
Vater unser gëtt gebiet
Friddenslidd Unfriede herrscht auf der Erde Zofia Jasnota
Agnus Dei gëtt gebiet
Kommiounslidd Triosonate Fa Majeur 1.“Adagio“ J.S. Bach
Schlusslidd Aube nouvelle M. Scouarnec; Jo Akepsimas (LD 377)
Sortie: Uergel Triosonate Fa Majeur 2.“Allegro“ J.S. Bach

Chouer: Cercle Vocal BelVal-Metzerlach
Dirigent:
Organist: Claude Clement
Solistes: Ria & Anne Clement

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu