lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Biissen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 4. Februar um 9 Auer aus der Kierch vu Biissen iwwerdroen. De Biisser Kannergesank a Jugendgrupp hunn ënnert der Leedung vu Julie Manternach a Jean-Marie Bock gesongen. D’Musikante waren Armand Bleser, Triny Gorza, Sylvie Hagen, Anouk Hippertchen, Elisabeth Jacobs a Cathy Steichen.
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp sangen d’Radiosmass
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp bestinn aktuell aus 90 Memberen tëschend 6 an 22 Joer. Zu hiren Haaptaktivitéiten gehéiert den alljährleche Musical ëm Christi-Himmelfahrt, wou Kanner a Jugendlecher zesummen Theater spillen, sangen, danzen an d’Leit begeeschteren (dëst Joer den 9., 11. an 12. Mee). Zum Schluss vun all Joer fuere si an der Päischtvakanz op Blankenberge, wou si 5 schéin an onvergiesslech Deeg verbréngen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Agangslidd | Du bist da | Jürgen Grote |
---|---|---|
Kyrie | Jésus berger | Jacques Berthier / Didier Rimaud |
Gloria | Gloria, Gloria, wir singen Gloria | Alexander David Nuber |
Alleluja | Sing mit mir ein Halleluja | Thomas Eger |
Credo | Ja, das glaube ich | Hannes Minichmayr |
Gowelidd | Glorious | Stephanie Mabey |
Sanctus | Santo, santo, santo | Guillermo Cuéllar |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Anamnèse | Jesus Christus auferstanden | Siegfried Fietz |
Agnus Dei | Alle Kinder dieser Welt wünschen sich Frieden | Siegfried Fietz |
Kommuniounslidd | Ich bin das Brot des Lebens | Dieter Böttcher |
Schlusslidd | Kinder haben eine Stimme | Daniela Dicker |
Chéier: Biisser Kannergesank a Jugendgrupp
Dirigenten: Julie Manternach a Jean-Marie Bock
Musikanten: Armand Bleser, Triny Gorza, Sylvie Hagen, Anouk Hippertchen, Elisabeth Jacobs, Cathy Steichen
- D’Mass um 16. Sonndeg am Joreskrees gouf den 18. Juli aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sondesmass um 4. Advent gouf vu Stengefort iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Habscht iwwerdroen
- D’Mass um 30. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Knapphouschent iwwerdroen
- D’Mass um 17. Sonndeg am Joreskrees gouf de 25. Juli vun Eschweiler iwwerdroen