lb fr pt en
Sonndesmass  
5. März 2021

D’Sonndesmass gouf vu Biissen iwwerdroen

Och als Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 7. Mäerz aus der Kierch vu Biissen iwwerdroen. De Grupp vun den Angels-Singers vun de „Biisser Massendénger“ huet ënnert der Leedung vum Patrick Schmit gesong, op der Uergel huet d’Katarina Strajtova an op der Gittar d’Emmanuelle Schmit begleet.

Angels-Singers vun de „Biisser Massendénger“

Erëm eng Kéier invitéiert d’Par Äischdall-Helpert St-Willibrord zur Matfeier vun der Sonndesmass, dës Kéier aus der Kierch vu Biissen, déi dem hellege Stephanus geweit ass.
Ee Spréchwuert seet: „D’Nout mécht erfinderesch!“ Bedéngt duerch déi limitéiert Sëtzplazen wéist Covid-19 huet zu Biissen samschdes owes eng zweet Sonndesmassen missen agefouert ginn.

Nodeems eis Kierch een Uergelpositiv an de Chouer krut, ass de Wonsch vun e puer Massendénger a Jugendlechen opkomm, fir villäicht bei der Gestaltung vun dëser zweeter Sonndesmass ze hëllefen. Niewent dem Sangen hunn déi Jonk och hiert musikalescht Kënnen ënner Beweis gestallt. Mat hire schéine Stëmmen a mat hire musikaleschen Talenter um Uergelpositiv, ob der Gittare a Gei hu si schon esou munch Gleeweg begeeschtert.

Dëse Dëse Grupp ass nach an den Ufäng. Mä aus der Nout an der jugendlecher Dynamik eraus ass esou ee klenge Grupp entstanen, dee Freed mécht. An dës Freed wëllen déi Jonk op dësem 3. Faaschtesonndeg ganz einfach weiderginn. Eng positiv Entwécklung fir eis Par – duerch Corona.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel-Intro Say Something Christina Aguilera, A great big world
Agangslidd Arms Christina Perrie
Kyrie Kyrie LD 126
Äntwertgesang Trouver dans ma vie ta présence LD 597
Ruff virum Evangelium Lob sei dir, Herr LD 152
Credo Nous le croyons LD 213
Gowelidd Perinbaba Petr Hapka
Sanctus Kumbayah my Lord LD 567
Agnus Dei Agneau glorieux LD 277
Kommiounslidd Amazing grace LD 582
Schlusslidd We are the world

Chouer: Angels-Singers vun de „Biisser Massendénger“
Dirigent: Patrick Schmit
Uergel: Katarina Strajtova
Gittar: Emmanuelle Schmit

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu