lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Käl iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um Sonndeg, den 2. Juni, um 9 Auer aus der Kierch vu Käl iwwerdroen. Déi dräi Chorallen aus der Par Kädall Notre-Dame des Mineurs hunn ënnert der Leedung vum Jean-Claude Thilges gesongen, op der Uergel huet den Daniel Lang gelongen. Solistin war d’Sonja Heuertz, Sopran.
D’Chéier aus der Par Käldall sinn d’Chorale St Pie X Kayl, d’Chorale Ste Cécile Téiteng an d’Chorale Ste Cécile Rëmeleng. Si fannen sech ëmmer nees zesummen fir di gemeinsam Gottesdéngschter musikalesch ze begleeden. Um Programm vun der Radiosmass steet ënnert anerem d’“Deutsche Messe” vum Franz Schubert.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Andante | W. Volckmar |
Agangslidd | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Kyrie | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Gloria | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Zwëschegesang | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Alleluja | Alleluia | J.-C. Thilges |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Sanctus | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Anamnèse | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Vater unser | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Agnus Dei | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Kommuniounslidd | Not I, But Christ | Trad. Irish Tune |
Schlusslidd | Deutsche Messe D 872 | F. Schubert |
Sortie: Uergel | Toccata “Klagt in Leid” | A. Leblanc |
Chéier: Chorale St Pie X Kayl, Chorale Ste Cécile Téiteng, Chorale Ste Cécile Rëmeleng
Dirigent: Jean-Claude Thilges
Organist: Daniel Lang
Sopranistin: Sonja Heuertz
- D’Sonndesmass gouf um zweeten Oktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
- D’Sonndesmass vum 29. Mee gouf vu Feelen iwwerdroen
- D’Mass um 24. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Stengefort iwwerdroen
- D’Sonndesmass vum 5. Juni gouf vun Hemstel iwwerdroen