lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Kanech iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 16. Juli um 9 Auer aus der Kierch vu Kanech iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Kanech huet ënnert der Leedung vum Léini Fischer gesongen, op der Uergel huet de Nico Klein begleet.
Chorale Ste Cécile Canach
D’Chorale Ste Cécile Kanech gouf am Joer 1917 als Männerchouer gegrënnt an de 4. Mee 1967 ass doraus e gemëschte Chouer ginn. Haut besteet d’Chorale aus 15 aktive Sängerinnen a Sänger a mir sange kierchlech a weltlech. D’Dirigentin ass d’Léini Fischer, op der Uergel gi mir vum Nico Klein begleet.
Leider hu mir och, wéi an deene meeschte Chéier, Nowuesssuergen. Jiddereen, dee gär séngt, ass häerzlech wëllkomm. Eis Prouwe si mëttwochs um 20 Auer am Proufsall zu Kanech. Weider Informatioune beim President Jos Schmitz: 621-234489.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Introduction | |
---|---|---|
Agangslidd | Nous chanterons pour toi | Magn. 1048 |
Kyrie | Missa brevis | Th. Dubois |
Gloria | Missa brevis | Th. Dubois |
Alleluja | Halleluja | L. Cohen |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Trouver dans ma vie | |
Sanctus | Missa Nova | F. Arnsfelser |
Anamnèse | La paix aura ton visage | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa Nova | F. Arnsfelser |
Kommuniounslidd | Nous somme le corps du Christ | LD 104 |
Schlusslidd | Ne rentrez pas chez vous | LD 324 |
Sortie: Uergel | Sortie | Ernest Grosjean |
Chouer: Chorale Ste Cécile Canach
Dirigentin: Léini Fischer
Organist: Nico Klein
Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don