lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Péiteng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 1. Mäerz, um 9 Auer aus der Kierch vu Péiteng iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vu Péiteng huet ënnert der Leedung vum Isabelle Heischbourg gesongen, op der Uergel huet de Philppe Dehoux begleet.
Chorale Ste Cécile vu Péiteng
D’Chorale Ste Cécile vu Péiteng ass de Chouer vun der Parkierch Kordall Ste-Barbe. De Chouer ass 1916 als Männer- a Bouwechouer gegrënnt ginn. 1951 sinn d’Dammen derbäi komm. Haut besteet de Chouer aus 23 Memberen. D’Sängerinnen an d’Sänger gestalte mat hirem liturgesche Gesang all Sonndeg d’Houmass a ginn de Feierdeeg hire spezielle Cachet. Och aner Feieren an der Kierch gi gesanglech begleet vun der Chorale, wa si gefrot gëtt. Zu offizielle Geleeënheete vun der Gemeng dréit de Chouer säin Deel bäi. Interesséiert Leit vun all Alter, déi Freed um Kierchegesang hunn, sinn häerzlech wëllkomm. D’Prouwe sinn mëttwochs vun 20.00-21.30 Auer an der Péitenger Kierch.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Alles ist an Gottes Segen, Extrait | Flor Peeters |
---|---|---|
Agangslidd | Changez vos coeurs | Jean-Paul Lécot |
Kyrie | Petite messe en sol | Denis Rouger |
Zwëschegesank | Gott, tilge mein Vergehn... | MA 172/3 |
Ruff virum Evangelium | Lob sei dir, Herr... | MA 173/1 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Per Signum Crucis | Francesco Durante |
Sanctus | Petite messe en sol | Denis Rouger |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Petite messe en sol | Denis Rouger |
Kommuniounslidd | Ach, Herr, ich bin nicht wert | Melchior Franck |
Schlusslidd | Rendez grâce au Seigneur | G. Darcy |
Sortie: Uergel | Menuet gothique | Léon Boëllmann |
Chouer: Chorale Ste Cécile vu Péiteng
Dirigentin: Isabelle Heischbourg
Organist: Philppe Dehoux