lb fr pt en
Sonndesmass  
29. September 2019

D’Sonndesmass gouf vun Ettelbréck iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gëtt dëse Sonndeg, den 29. September, um 9 Auer aus der Kierch vun Ettelbréck iwwerdroen. D’Choralle vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul sangen ënnert der Leedung vum Jean Gehlen, op der Uergel begleet den Tom Schreiner.

Choralle vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul

Zënter dem 1. Mee 2017 besteet elo offiziell déi Nei Par aus den Uertschaften Colmer-Bierg, Ettelbréck, Feelen, Mäerzeg a Schieren ënnert dem Numm Saints-Pierre-et-Paul, Ettelbréck.

Fir hir aktiv Chorallen stellt dat net nëmmen eng grouss Erausfuerderung duer, mä bréngt mat Sécherheet och eng Ëmstellung. Ouni hir Eegestännegkeet opzeginn, lafe scho vill méi laang gemeinsam Aktivitéiten vun de Chorallen Colmer-Bierg, Feelen, Mäerzeg, Schieren an Ettelbréck, déi och dës Radiosmass gestalten. Opzezielen wieren do d’Gestaltung vun der Oktavmass, e gemeinsame Concert am Joer 2018 (cf Foto). Dës Initiativ soll fortgesat ginn mat engem weidere Concert ënnert dem Motto “Ave Maria” am Joer 2021.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Plein Jeu, extrait de la «Suite du deuxième ton» Jean Adam Guilain
Agangslidd Terribilis est locus iste Chant grégorien
Kyrie Messe brêve Charles Gounod
Gloria Messe brêve Charles Gounod
Ruff virum Evangelium Halleluja Colin Mawby
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Locus iste Anton Bruckner
Sanctus Messe brêve Charles Gounod
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Messe brêve Charles Gounod
Kommunioun Duo et Basse de Cromorne, extraits de la « Suite du deuxième ton » Louis-Nicolas Clérambault
Kommuniounslidd Tollite hostias Camille Saint-Saëns
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie schauet Joseph Mohr
Sortie: Uergel Toccata und Fuge in F, BuxWV 157 Dieterich Buxtehude

Chouer: Choralle vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul
Dirigent: Jean Gehlen
Organist: Tom Schreiner

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu