lb fr pt en
Sonndesmass  
14. Dezember 2018

D’Sonndesmass gouf vun Ohn iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf um 3. Adventssonndeg, de 16. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vun Ohn iwwerdroen. Den Ensemble vocal Divertimento huet ënnert der Leedung vum Luc Rollinger gesongen, deen de Chouer och begleet huet.

Foto: Patrick Linster

Den „Ensemble vocal Divertimento‟

Zanter 16 Joer besteet elo schonns den „Ensemble vocal Divertimento‟. Éischter duerch Zoufall ass dëse Grupp entstan, wéi Memberen aus dem fréiere Jugendgrupp vu Wormer ënnert hire Kollegen Hëllef gesicht hunn, fir eng Hochzäitsmass musikalesch ze gestalten. Aus där enger Hochzäitsmass goufen et der mëttlerweil em déi 80, an dat an allen Ecke vum Land. Ennert der Leedung vum Dirigent, Organist, Komponist an Arrangeur Luc Rollinger séngt Divertimento reegelméisseg Massen - virun allem Hochzäiten -, a Concerten. Tëscht zéng an 15 Membere si bei all Geleeënheet, wou Divertimento engagéiert ass, derbäi. De Repertoire geet vu klassesche Wierker bis zu moderne Musicalarrangementer, vun alen a neie Kierchelidder bis zu traditionelle Lëtzebuerger Stécker.

Eppes Besonnesches ass fir d’Sonndesmass vum 16. Dezember dann och geplangt: en Deel vun de Kanner vun de Membere vun Divertimento sangen d’Lidd „Ein Licht im Advent‟. An dorop freeë si sech immens. Weider Informatiounen zu Divertimento kann ee kréie beim Anne Berna ënnert der Nummer 661-386988.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Gaudete in Domino semper instrumental
Agangslidd Rejoice In The Lord Always Dana Mengel
Kyrie Nidaros Jazz Mass Bob Chilcott
Alleluja Alleluia Larry Gatlin
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Ein Licht im Advent Uli Doblinger/Martin Göth
Sanctus Nidaros Jazz Mass Bob Chilcott
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Nidaros Jazz Mass Bob Chilcott
Kommuniounslidd Behold The Lamb Keith Getty/Stuart Townend/Kristyn Lennox Getty
Schlusslidd As We Prepare For Jesus’ Birth Dale Peterson/Charles McCartha

Chouer: Ensemble vocal Divertimento
Dirigent an Organist: Luc Rollinger

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu