lb | fr | pt | en |
D’Mass um 7. Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 20. Februar gouf vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Kantor ass den Änder Wio. Organist a Virsänger ass den abbé Joël Santer. Op der Uergel spillt och d’Katarína Strajtova. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass vun Habscht
Op dësem 7. Sonndeg am Joreskrees feiere mer d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht. Am Evangelium geet haut Rieds vu „Barmhäerzegkeet“. Ee grousst Wuert, wat mer esou gär gebrauchen, wat awer vill méi schwéier ëmzesetzen ass. Barmhäerzegkeet setzt viraus, dass mer de Matmënsch am Bléck hunn, dass mer gewëllt sinn, mat him zesummen ze liewen an eppes ze bewierken. A Barmhäerzegkeet féiert zur kollektiver Freed, déi grad fir eist Zesummeliewen esou wichteg ass. D’Fuesend steet virun der Dir, an déi Freed, déi d’Fueszäit auszeechent, soll grad och bei äis spierbar sinn. Mat der Auswiel vum Programm versiche mer, dës Freed lieweg ginn ze loossen.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Nun jauchzt dem Herren, alle Welt | LD 100 |
Kyrie | Kyrie eleison | LD 121 |
Gloria | Lobe den Herrn meine Seele | LD 70 |
Alleluia | Alléluia | |
Credo | gebiet | |
Gowelidd | Laisserons-nous à notre table | LD 236 |
Sanctus | Saint le Seigneur | LD 245 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 281 |
Kommioun | Aus: Kleine Präludien und Fughetten – N° 5 | J.S. Bach* |
Schlusslidd | Notre-Dame de la terre | LD 527 |
Sortie | Sortie en mi bémol | J. A. Lefébure-Wély |
* Organistin Katarína Strajtova