lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
1. September 2020
D’Sonndesmass gouf vun Habscht iwwerdroen (6. September 2020)
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 6. September, um 9 Auer aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. D’Sopranistin Patricia Frères huet gesongen, op der Uergel begleet vum Abbé Joël Santer.
Och dëst Joer huet déi lëtzebuergesch Sängerin Patricia Frères mat hierer ongewéinlech ausdrockstaarker an emotionaler Sopranstëmm d’Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht gesongen. D’Sängerin, déi an der Opernwelt doheem ass, wollt domatter ville Leit eng Freed maachen. Op der Oberlinger-Uergel gouf si begleet vum Paschtouer Joël Santer. Mir wënschen ee schéint Matfeieren vun der Sonndesmass.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisatioun iwwer d’Ugangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Écoute la voix du Seigneur | LD 73 |
Kyrie | gëtt gebiet | |
Gloria | Ehre, Ehre sei Gott | LD 345 |
Alleluja | „Alléluia“ | LD 203 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | When Israel was in Egypt’s Land | LD 596 |
Sanctus | Heilig, heilig, heilig | LD 346 |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Dona nobis pacem | LD 608 |
Kommiounslidd | Nobody knows the trouble I’ve been | LD 589 |
Schlusslidd | La première en chemin | LD 525 |
Sortie: Uergel | Fugue en re mineur | Louis James Alfred Lefébure-Wély |
Sopranistin: Patricia Frères
Organist: Abbé Joël Santer
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique