lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Opnahm vu Maria am Himmel ABC

Lk 1,39-56

Kontext

D’Erzielung vum Maria, dat bei seng Kusinn, d’Elisabeth, op Besuch geet, gehéiert zu de sougenannte “Kandheetserzielungen” aus dem Lk.

An deenen zwee laange Kapitele verzielt de Verfaaser vum Lk a parallelen Erzielunge vum Johannes dem Deefer a vum Jesus. Wann een déi zwéin Erzielsträng matenee vergläicht, stiechen d’Ënnerscheeder tëscht dem Johannes an dem Jesus ervir. An esou ass et och geduecht.

D’Kandheetserzielunge beim Mt a beim Lk solle keng séiss Geschichte vun engem Puppelche sinn. (De Joh huet de Prolog, deen u sech dee selweschten Zweck erfëllt wéi d’Kandheetserzielungen; an de Mk huet nëmmen ee Saz, fir den Toun unzeginn.) – Souwisou ass d’Kand als Kand eréischt eng Entdeckung vun deene leschte Jorhonnerten! Kuckt emol d’Biller vun deene grousse Moler (Rubens, Rembrandt,...) vu fréier: d’Kanner si bal ëmmer duergestallt wéi “kleng Aler”.

Esou och an de Kandheetserzielungen: hei gëtt gewisen, wat emol eng Kéier aus deem Kand do gëtt; well dat, wat aus deem Kand do gëtt, ass vun Ufank un an him. – De Lk weist de Jesus ganz vill, wéi hien sech deenen Ausgestoussenen an Aarmen hirer unhëlt; dofir kommen an senger Kandheetserzielung Hiirde bei de Puppelchen, Hiirden, déi wéinst hirem Beruff “onréng” waren, also um Bord vun der Gesellschaft.

Mer däerfen also net d’Fro Stellen: “wéi war dat wierklech?” (wéivill Schof si matkomm, waren se all wäiss,...?), mee, “wat ass de Sënn, wat wëlt de Lk äis soen iwwert de Glawen un deen operstanene Jesus?”. – Anerwäerts siche mer eppes am Text, wat guer net dran ass.

Text

An deenen Deeg huet d’Maria sech op de Wee gemaach an sech geflass... (V. 39)
Vläicht fläisst d’Maria sech, well d’Elisabeth gläich säi Kand kritt (cf. Lk 1, 36.57); vläicht awer och, well si dat, wat si erliewt huet engem verziele muss. – Hei ass esou eng Plaz an den Evangelien, wou een e ganzt Buch kann iwwert en haalwe Vers schreiwen, ouni awer eng endgülteg Äntwert ze kréien.

Do ass si an dem Zacharias säin Haus eragaang... , datt d’Kand an hirem Schouss sech beweegt huet (Vv. 40-41. 43-44)
D’Maria ass beim Elisabeth ukomm, am Zacharias (dee fir de Moment stëmmchen ass) sengem Haus; mee, eigentlech kënnegt dat, wat da geschitt d’Relatioun tëscht deenen zwou Fraen hire Jongen un: d’Elisabeth gëtt erfëllt vun hellegem Geescht, a mat hir d’Kand an hirem Läif; wéi spéiderhin de Johannes eléng kënnegen si hei zu zwee (“haart geruff” = wuertwiertlech "geruff mat haardem Kreesch) als Prophéiten de Messias un – wou, dem Lk no, wuel kaum een dem Elisabeth virdrun erzielt hat, datt d’Maria do mat concernéiert wier. – Dem Johannes seng Missioun huet schonn ugefaangen (cf. supra)!

“Geseent bass du ënner de Fraen a geseent ass...” (V.42)
De Passiv “geseent ass” heescht, datt et Gott ass, dee seent (passiv divin); d’Verbzäit ass déi zweemol de Griichesche Perfekt, wat undeit, datt d’Maria an d’ Kand an hirem Schouss an der Vergaangenheet geseent waren an et och weiderhi sinn; d’Formuléierung “Geseent ënnert de Fraen” ass en Hebraismus a bedeit, datt d’Maria déi am meeschte geseente Fra ass (Superlativ). “Geseent si vu Gott”, d.h. och “gelueft”, “gutt ugesinn”.

... datt mengem Här seng Mamm bei mech kënnt (V. 43)
“Den Här” war ë. a. och en Titel fir de Messias; vun senger Gebuert u gëtt de Jesus vum Lk “Christus Här” genannt (cf. 2, 11; Apg 2, 36); fir de Lk ass de Jesus also wierklech vun Ufank un de Christus=Messias, wat jo net en Numm ass, mee, e Liewesprogramm, eng Missioun.

Glécklech ass déi Fra, déi gegleewt huet... (V.45)
“Glécklech” ass dat selwescht Wuert wéi an de Séilegpreisungen (Lk 6, 20-26). Dëst ass eng klassesch Formulatioun aus der biblescher an aus der juddescher Litteratur; deen Zoustand (elo oder an der Zukunft) kënnt vu Gott. - Déi Fra, déi gegleewt huet: Am Géigesaz zum Zacharias huet d’Maria gegleewt. “Gleewen” am biblesche Sënn heescht “vertrauen hunn an/Vertrauen op”. Wourop? Ma, datt Gott et gutt mat engem méngt. (Dat Griichescht Verbe, dat am N.T. meeschtens mam Dativ gebraucht gëtt, heescht dann och “vertrauen an/vertrauen op”.)

... wat hir vum Här gesot gouf (V. 45)
Hei fanne mer an dem Elisabeth senge Wierder eng fundamental biblesch Iwwerzeegung erëm; Gott seet eppes – an et geschitt (cf. direkt am 1. Schöpfungsbericht, Gen 1, 1-31).

Du sot d’Maria: "... (Vv. 46-47)
Dat, wat d’Maria elo seet, a wat als Gebied als ‘Magnificat’ (no der laténgescher Iwwersetzung vun dem 1. Wuert) bekannt ginn ass, ass eigentlech e Psalm, e Luefpsalm, deen och ganz an altestamentlecher Manéier a Sprooch gehalen ass (wien eng T.O.B. huet brauch do nëmmen d’Referenzen am Rand ze liesen). – En erënnert un d’Lueflidd (d’Psalme ware jo och Lidder), dat dem Samuel seng Mamm séngt, wou si gewuer gëtt, datt si entlech e Kand kritt (cf. 1Sam2, 1-10). – An de Vv. 50-56 gëtt dann dem Herrgott säi ganzt Vollek an d’Lueflidd mat abezunn, well d’Verspriechen, déi zum Bond tëscht Gott a sengem Vollek gehéieren, ‘elo’ ageléisst ginn. – ‘Meng Séil’ = ech mat allem, wat ech sinn. – De V. 46b an de V. 47 soen dat selwescht, esou wéi dacks a Psalmen e puer Zeilen hannert eneen jee dat selwescht soen, mee an e bëssen anere Wierder.

... well op d’Damiddegkeet vun senger Mod huet hie gekuckt. Jo,... (V. 48bc-49)
Dës Zeiel gräife Wierder vum Elisabeth (Lk 1, 25) a vum Maria (V. 38) op a flechten se mat an d’Luef an. – Eigentlech gëtt hei an deem Psalm eng verkéiert Welt besongen: Gott kuckt op déi Damiddeg an op déi Kleng, déi Grouss an déi Mächteg awer gi vun hirem Throun gehäit – et ass dëst déi Welt, wéi se vu Gott hir soll sinn (seet de Ps) a vun dier d’Geschicht vun Israel Zeien ass duerch d’Jorhonnerten erduerch, an déi am Kand, dat do ënnert äermleche Konditiounen gebuer gëtt, definitiv Realitéit gëtt. D.h. esou schéin dëst Lidd kléngt, wéi konschtvoll et och ass, et ass knallhoart a stellt eis Welt ëmmer nees a Fro, well et se op d’Kopp dréint, vu Gott hir. Et ass och esou, wéi Gott weist, datt säin Numm helleg ass (V. 49; cf. de Vater Unser), nämlech da, wann hien an d’Mënschegeschicht agräift an d’Gitt an d’Hand hëlt.

... an säin Erbaarmen , vu Generatioun... (Vv. 50-55)
D’Erfahrungen, déi hei beschriwwe ginn sinn esouwuël dem Maria wéi dem Vollek Israel seng. – ‘Gott fäerten’ = Gott respektéieren, sech sengem Wëllen no riichten. Et ass och Deel vun de Kanner, déi ënnerwee sinn, hirem Program, well si, jiddfereen(t) op seng Manéier, en Deel si vun deem Erbaarmen, dat Gott schonn dem Abraham versprach hat. Am Alen Testament gëtt gäre widderholl, datt Gott sech un säi Verspriechen erënnert (cf. Gen 8, 1; 9, 15; Ex 2, 24;...); dat ass eng Manéier fir ze soen, datt Gott trei ass (cf. och Lk 1, 72). – Fir de Lk war och kloer, datt net nëmmen d’Chrëschten, déi aus dem Vollek Israel koumen, mee och d’Chrëschten, déi aus dem Heedentum koumen zu dem Abraham sengen Nokommen zielen (wat deemools nach guer net esou evident war an zu ville Spannunge gefouert huet).

D’Maria ass ongeféier dräi Méint... (V. 56)
D.h. datt d’Maria beim Elisabeth bliwwen ass, bis kuerz ier d’Elisabeth néierkomm ass (V. 57). Well an der Kandheetserzielung beim Lk dem Johannes dem Deefer an dem Jesus seng Geschicht parallel erzielt ginn (cf. Kontext), ass et dann elo nees um Elisabeth an um Johannes fir no vir ze trieden.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu