lb fr pt en
Wegweiser Jahr A (2016-2017)  
25. Mee 2017

Milieu vu Gott

Wegweiser zu Christi Himmelfahrt (25.05.2017)

40 Deeg no Ouschteren feiert d’Kierch d’Fest vu Christi Himmelfahrt. U sech ass et bal noutwenneg, dass mir no Ouschteren, also no der Operstehung, nach e Fest brauchen, dat sech an d’Logik vun der Gebuert (Chrëschtdag), dem Doud (Karfreideg) an der Operstehung (Ouschteren) vu Jesus Christus areit. Dem Jesus seng Präsenz ënnert de Mënschen ass haut jo dach iergendwéi eng aner, wéi dat an den Deeg a Wochen direkt no Ouschteren de Fall war.

„Aufgefahren in den Himmel; er sitzt (dort) zur Rechten Gottes…“, esou biede mir regelméisseg am Credo. En aneren Ausdrock fir dat Wuert „Himmel“ wier also z. B. de „Milieu vu Gott“ (vgl. Youcat, Jugendkatechismus der katholischen Kirche, Nr. 52). Den Himmel ass do, wou näischt méi de Mënsch vum Härgott trennt (vgl. Youcat, Nr. 158). Den Himmel ass déi Dimensioun, wou d’Léift méi staark ass wéi den Egoismus, déi Dimensioun, wou deen eenzelne Mënsch net méi „ech, ech…“ seet, mee wou e sech duerch an duerch bewosst ass, dass en op d’Léift an op d’Baarmhäerzegkeet vum Härgott ugewisen ass.

D’Himmelfahrt ass also kee Wee no uewen oder no ënnen, no bannen oder no baussen; et ass kee Wee no rechts oder no lénks. Et ass och kee Wee duerch d’Wolleken a Richtung Stären, well net fir näischt steet an der Lesung aus der Apostelgeschicht: „Was steht ihr da und schaut zum Himmel empor?“ Den Himmel ass, fir eis Mënschen, déi Zukunft an der den absoluten an éiwege Gott eis, dem endlechen an zäitleche Mënsch, begéint.

De Message vum Fest „Christi Himmelfahrt“, dat mir haut feieren, kéint, nach eng Kéier anescht ausgedréckt, deen hei sinn: Et gëtt eng Zukunft an deer d’Léift méi staark ass wéi den Doud. An dëse Message gëllt fir eis all!

(Quelle: wort.lu)

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu