lb fr pt en
Priedegten 2023  
1. Mee 2023

Feier an der Wüüst

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (1. Mee 2023)

Lesung aus dem Buch Exodus (Ex 3,1-16)

Mose weidete die Schafe und Ziegen seines Schwiegervaters Jitro, des Priesters von Midian. Eines Tages trieb er das Vieh über die Steppe hinaus und kam zum Gottesberg Horeb. Dort erschien ihm der Engel des Herrn in einer Flamme, die aus dem Dornbusch emporschlug.

Er schaute hin: Da brannte der Dornbusch und verbrannte doch nicht. Mose sagte: ich will dorthin gehen und mir die außergewöhnliche Erscheinung ansehen. Warum verbrennt denn der Dornbusch nicht?

Als der Herr sah, dass Mose näherkam, um sich das anzusehen, rief Gott ihm aus dem Dornbusch zu: Mose, Mose! Er antwortete: Hier bin ich!

Der Herr sagte: Komm nicht näher heran! Leg deine Schuhe ab; denn der Ort, wo du stehst, ist heiliger Boden. Dann fuhr er fort: Ich bin der Gott deines Vaters Abraham, der Gott Isaaks und der Gott Jakobs.

Da verhüllte Mose sein Gesicht; denn er fürchtete sich, Gott anzuschauen. Der Herr sprach: Ich habe das Elend meines Volkes in Ägypten gesehen und ihre laute Klage über ihre Antreiber habe ich gehört. Ich kenne ihr Leid.

Ich bin herabgestiegen, um sie der Hand der Ägypter zu entreißen und aus jenem Land hinaufzuführen in ein schönes, weites Land, in ein Land, in dem Milch und Honig fließen, in das Gebiet der Kanaaniter, Hetiter, Amoriter, Persiviter, Hiwiter und Jebusiter.

Jetzt ist die laute Klage der Israeliten zu mir gedrungen und ich habe auch gesehen, wie die Ägypter sie unterdrücken. Und jetzt geh! Ich sende dich zum Pharao. Führe mein Volk, die Israeliten, aus Ägypten heraus!

Mose antwortete Gott: Wer bin ich, dass ich zum Pharao gehen und die Israeliten aus Ägypten herausführen könnte? Gott aber sagte: Ich bin mit dir, ich habe dich gesandt und als Zeichen dafür soll dir dienen: Wenn du das Volk aus Ägypten herausgeführt hast, werdet ihr Gott auf diesem Berg verehren.

Da sagte Mose zu Gott: Gut, ich werde also zu den Israeliten kommen und ihnen sagen: Der Gott eurer Väter hat mich zu euch gesandt. Da werden sie mich fragen: Wie heißt er? Was soll ich ihnen darauf sagen?

Da antwortete Gott dem Mose: Ich bin der „Ich-bin-da“.

Und er fuhr fort. Du sollst zu den Israeliten sagen: „Der Ich-bin-da“ hat mich zu euch gesandt. Weiter sprach Gott zu Mose „So sag zu den Israeliten, Jahwe, der Gott eurer Väter, der Gott Abrahams, der Gott Isaaks und der Gott Jakobs, hat mich zu euch gesandt. Das ist mein Name für immer und so wird man mich nennen in allen Generationen.“




Här Kardinol, Här Weibëschof,
Léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral
an Dir, déi dir iwwert Fernsee a Lifestream mat eis verbonne sidd,

„Paris! Das Feuer ist gelöscht. Der Qualm hat sich verzogen. Die Tragödie bleibt. Notre-Dame, schwer beschädigt, aber sie steht.”

Mat dëse Wierder gouf de Brand vun der Paräisser Kathedral am Abrëll 2019 an enger däitscher Boulevardzeitung kommentéiert [1]. Donieft konnt een eng Foto vum zerstéierte Chouerraum gesinn, an deem ee grousst gëllent Kräiz opgeliicht ass, dat – wéi e Wonner – verschount bliwwe war. Ee Liicht an der Däischtert, wann op ee Mol alles vun engem Moment zum aneren wéi ee Kaartenhaus zesummefält a Schéines a Wäertvolles an eisen Hänn zergrimmelt?

Eng Kierch déi brennt, ee Bild mat Symbolkraaft, dat méi wéi jee aktuell ass. Ech denken do net nëmmen un d’Mëssbrauchsskandaler ënnert deene verschiddenste Formen an op ënnerschiddlechen Niveauen, mee och un all Forme vu Klerikalismus mat Grief tëscht Progressiven a Konservativen, Finanzskandaler, onerwaart Bëschofsdemissiounen a massiv Kierchenaustrëtter an eenzelnen europäesche Länner an eng Pandemie, déi hir Spueren och an der Kierch hannerlooss huet.

Donieft gesi mir ee couragéierte Poopst François, Pontifex Maximus, ee frouen hoffnungsvolle Bréckebauer, deen trotz kierperlechen Aschränkunge bis an den héijen Alter eran net midd gëtt, d’Mëssstänn an der Kierch an d’Ongerechtegkeeten an der Welt ze benennen – getrei senger Devise „miserando atque eligendo“ – „Aus Erbaarmen erwielt“.

Hien ass den Affekot vun deenen Aarmen a steet fir eng Kierch, déi sech an d’Realitéit vun dëser Welt amëscht an net zéckt, fir sech d’Fanger knaschteg ze maachen, och wann et dobäi Kritik reent.

Aus der Suerg ëm d’Vollek Gottes, dat hien op de Buedem vum Evangelium wëllt zréck féieren [2], huet de Poopst eng Weltsynod iwwert d’Synodalitéit vun der Kierch aberuff. Quelle audace ! Wat eng schwéier Entreprise!

An iwwerdeems brennt et virun an der Kierch an op ville Plazen an der Welt. Dann deet et gutt, fir sech op fest Fundamenter ze besënnen an d’Helleg Schrëft als priviligéiert Kraaftquell zur Hand ze huelen.

Am Bibeltext, dee mir elo grad héieren hunn [3], kënnt de Moses och u seng Grenzen. D’Liewen huet hie bis un d’Peripherie vun der Wüüst gefouert an do kritt hien an engem dramatesche Moment een Hoffnungszeechen: Ee Feier, dat aus de Bréimen an den Dären eraus liicht, ouni dës ze verbrennen. Ee Feier, aus deem Gott selwer schwätzt: „Moses, Moses! Komm net méi no! Do deng Sandalen aus, well do wou s du stees ass hellege Buedem!“ Feier an der Wüüst!

Domat hat de Moses net gerechent. Fir d’éischt kuckt hie sech dat aussergewéinlecht Feier vu méi no un a lauschtert dann op deen eenzeg Hellegen, och wann a sengem eegene Liewen net alles helleg war.

Mir erënneren eis: Aus dem Waasser vum Nil erausgezunn, beim Pharao um Haff opgewuess, als Auslänner an Ägypten mat der Sklaverei vun den Hebräer konfrontéiert, fënnt hie sech elo erëm an der Roll vun engem improviséierte Schofshiert am Déngscht vum Schwéierpapp.

Mee, tiens, do war dach nach eppes? Just virdrun hat de Moses nach een Ägypter erschloen a war vun do un op der Flucht.

D’Schrëft weist, datt de Mënsch ëmmer nees versicht ass, d’Realitéit vum Liewen ze verdrängen a virun deem fort ze lafen wat ass: viru sech selwer, virun aneren a viru sengem Schëpfer.

A Gott, an all deem? – Hie bleift, well Hien ass d’Léift. Seng Léift ass ewéi ee Feier, dat net ophält ze brennen. Ee Feier, dat och dann nach brennt, wann et am Liewe knëppeldéck kënnt an d’Problemer wéi ee Bierg virun engem stinn. Jo, grad da kënnt Gott dem Mënsch iwwerraschend entgéint, mat senger Presenz a sengem Erbaarmen.

Fir de Moses geet hei een helle Raum op, eng Plaz fir Froen an Zweifel. Hei fënnt hien eng Rascht, en Uert, wou hien einfach dierf sinn, esou wéi hien ass. Hie kënnt um Buedem vun der Realitéit un, wou hien dem Herrgott seng Stëmm nei héiert an dann erausgeschéckt gëtt.

Léif Pilgerinnen a Pilger,

Um Ufank vun der Oktav gi mir mam Moses bis un d’Peripherie vun der Wüüst geféiert. Wüüste gëtt et och an eiser Gesellschaft. Si jäizt an de Mënschen op zeg Plazen no Schutz an Trouscht, no Léift a Gebuergenheet, no elementarer Mënschlechkeet, no enger heeler Welt an domat och nom wierklech déiwe Sënn vum Liewen?

Grad hei ass een neien Opbroch méiglech, seet den Andrea Riccardi, Grënner vun der Gemeinschaft vu Sant’ Egidio [4] . Wéi gutt deet et duerfir, wa Leit vun alle Borden sech dann zesummen op de soziale Brennpunkten engagéiere fir Salz a Liicht fir d’Welt ze sinn.

Ee schéint Beispill fanne mir grad an der Por Lëtzebuerg Notre-Dame am Quartier Bouneweg, wou sech elo méi ewéi 70 Leit mat Begeeschterung an Ausdauer an den Déngscht vun de Sans-abrien an de Mënschen um Rand vun der Aarmutsgrenz engagéieren.

Si ginn een Temoignage vu liewegen a wibbeleche Mënschen, vu liewegen a wibbeleche Chrëschten, vu missionaresche Jüngerinnen a Jünger [5] , wéi de Poopst François si aus senger sozial-engagéierter Kierch a Südamerika kennt.

Wien an dëser Richtung nei Akzenter wëllt setzen, eng Kierch am Déngscht vun de Mënschen, dee brauch de Wëllen, fir nei Raim opzemaachen, Plazen, wou Mënschen onpretentiéis zesumme kommen an d’Realitéit vum Liewe mam Glawe verbannen. Et brauch Raim, wou d’Atmosphär einfach stëmmt, wou ee gäeren higeet, well déi aner mat engem rechnen an op ee waarden.

Et brauch Raim, wou och dee Leschten op der sozialer Leeder seng Plaz ka fannen; Raim, wou ee soe kann, wat ee beweegt a wou déi aner engem wierkelch nolauschteren. An dëse Raim kann een neien Ufank gemaach an eng Hand gereecht ginn.

Op dëse Plaze gëtt d’Wuert Gottes dann och geäerd. Vläicht ass dat den hellege Buedem vun haut, op deem mir dem Feier vu Gott da ganz no sinn.

Léif Leit,

An der Beruffungsgeschicht vum Moses stécht e grousst Hoffnungspotential. Gleewe mir eigentlech nach, datt den Herrgott och haut Mënschen uspriechen a mat sengem Feier iwwerrasche kann? Hien, deen dem Moses säin Numm offebaart huet, seng Identitéit, seng DNA: „Ech sinn deen, dee fir dech do ass“ [6] . Ech sinn deen, dee bleift, wann esou villes an denger Kierch no Brand richt, wann deng Dreem vu Gemeinschaft geplazt sinn an et an dengem Liewe knëppeldéck koum.

Ech sinn deen, dee bleift, wann s du mat mysteriéiser Krankheet a mam Doud konfrontéiert gëss a wann deng Léift tatsächlech un hir Grenze kënnt. Ech loossen dech net falen a mäin treit Dosinn ass mäin Hoffnungszeechen! Och an denger Wüüst gëtt et d‘Feier vu menger Géigewaart!

Léif Leit alleguer,

Et ass Oktav, a mir pilgeren all wéi mir kënnen. Awer mir pilgeren net iergendwou hin, mee ëmmer an d’Kathedral bei d’Maria. Mir komme bei eis gutt Mamm, eis Tréischterin am Leed. Ganz fréi scho gouf si an der Kierchegeschicht als Gottesmamm, „Theotókos“ [7] ugeruff an als Jongfra veréiert.

Si ass am Häerz vun eiser Kathedral doheem. Si féiert de Pilger vu baussen no bannen. Si féiert d’Mënschen an eng lieweg Relatioun mat hirem Jong Jesus an domat an d’Geheimnis vum Glawen.

Schonn am 4. Joerhonnert n. Chr. gouf de Bibeltext vun der brennender Därenheck mat der Gebuert vum Jesus duerch Maria a Verbindung bruecht. De Gregor vu Nyssa [8] , ee Kierchepapp, schreift an enger Chrëschtpriedegt: „Lasst uns, vom Wunder angezogen, wie Mose die außergewöhnliche Erscheinung ansehen [9]: In Maria verbrennt der brennende Dornbusch nicht; die Jungfrau bringt das Licht zur Welt ohne Schaden zu erleiden.“ [10]

Ee Verglach, deen äis drunn erënnere kann, datt d’Maria mat äis um Buedem vun der Realitéit steet. Si ass offe fir dat, wat kënnt an offe fir dat, wat mir hir perséinlech soe wëllen.

„Zeeche vu sécherer Hoffnung an Trouscht fir d’Vollek Gottes op sengem Pilgerwee“ – sou nennt dat II. Vatikanescht Konzil d’Muttergottes a Lumen Gentium [11]. D’Konzilspappe gesinn an hir d’Mamm vun der Kierch, eng Kierch déi pilgert, eng Kierch, déi ënnerwee ass, mat ville verschiddene Mënschen, Kulturen, Konfessiounen a Reliounen. Dobäi ass si äis selwer ëmmer schonn ee Schrëtt viraus, well si beim Herrgott ukomm ass. Aus der Éiwegkeet ass si déi Fra, déi kee Schued erlidden huet an duerfir Schutz an Trouscht fir äis um Wee duerch eng schwéier Zäit. Amen.


[1Bild, 17. Abrëll 2019.

[2Poopst Franziskus, Apostolescht Schreiwes Evangelii Gaudium, 26. November 2013.

[3Ex 3,1-16.

[4Andrea Riccardi, Die Peripherie, Ort der Krise und des Aufbruchs für die Kirche, Herder 2017.

[5EG, Nr. 268.

[6Ex 3,14.

[7Konzil vun Ephesus 431 n. Chr.

[8Gregor vun Nyssa 331/340-395 n. Chr.

[9Ex 3,3

[10Gregor vun Nyssa, Predigt zur Geburt des Herrn, PG 46, 1128.

[11Lumen Gentium, Nr. 68.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu