lb fr pt en
Sonndesmass  

Radiosmass

Live a Replay vun der Sonndesmass

Live

Hei leeft sonndes muerges vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch.
De Rescht vun der Zäit gesitt Dir just Biller vun de Kierchen oder de Chorallen.

Replay

Hei kënnt Dir d’Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier lauschteren.
Et ka bis zu e puer Stonnen daueren ier déi aktuell Mass an der Lëscht optaucht.
Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil.

Kontakt

Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Radiosmass oder d’CD vun der Mass ufroen?
Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401, radiosmass cathol.lu

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!

Säit Januar 2017 muss de Bistum d’Opnahm an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, .dok an RTL selwer finanzéieren. D’Fondation Sainte Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Chrëschte riicht, déi aus Alters- oder Krankheets-Grënn net méi an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien e wichtegt, existenziellt Bedierfnes ass.

Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Radiosmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu