lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

6. Ouschtersonndeg A

Joh 14,15-21

15 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann dir mech gär hutt, haalt dir iech u meng Geboter.

16 Da froen ech de Papp, an hie gëtt iech en anere Bäistand, fir datt deen an all Éiwegkeet bei iech ass

17 – de Geescht vun der Wourecht, deen d’Welt net emfänke kann, well se en net gesäit an en net kennt. Dir kennt en, well e bleift bei iech an ass an iech.

18 Ech loossen iech net als Weesekanner zréck; ech kommen nees bei iech.

19 Nëmmen nach eng kuerz Zäit, da gesäit d’Welt mech net méi; dir awer gesitt mech, well ech liewen, a well och dir da lieft.

20 Deen Dag erkennt dir, datt ech a mengem Papp sinn, an datt dir a mir sidd an ech an iech.

21 Wie meng Geboter kritt huet an sech un se hält, deen huet mech gär. Wien awer mech gär huet, mat deem ass dann och mäi Papp frou, an och ech hunn dee gär a weise mech him."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu