lb fr pt en
Fondation Sainte-Irmine  
14. Juni 2023

Bibelen am Prisong

Neie Projet vun der Fondatioun Sainte-Irmine

D’kathoulesch Aumonerie vun de Prisongen zu Lëtzebuerg sicht Fonge fir de Kaf vu Bibelen a Kalennere fir Leit, déi zu Lëtzebuerg am Prisong sinn, souwuel fir déi an Untersuchungshaft wéi fir déi Veruerteelt. D’Bibele kaschte ronn 25 €, TVA abegraff, fir Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, oder méi fir hei manner geleefeg Sproochen.

Wëll d’Direktioune vun den zwee Prisongen dës Käschten net méi iwwerhuelen, muss d’Aumonerie eng alternativ Finanzéierung fannen, fir de Prisonéier dës reliéis Objeten och an Zukunft kënnen unzebidden an appelléiert un d’Generositéit vun den Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine. D’Bibel an der eegener Sprooch liesen ze kënnen, ass wichteg fir déi Prisonéier, déi op der Sich no Glawen a Spiritualitéit sinn. Et ass e wichtegt „Hëllefsmëttel“ fir déi Prisonéier, déi froen, vun der Aumonerie begleet ze ginn.

Méi Informatiounen zu dësem Projet fannt Dir hei: https://irmine.lu/lu/st-irmine-project/bibelen-am-prisong/

Done kënne gemaach ginn iwwer de CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 von der Fondation Sainte-Irmine oder online op www.irmine.lu – Mentioun: Bibelen am Prison.

Merci fir all Ënnerstëtzung!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu