lb fr pt en
Sonndesmass  
16. Mee 2024

D’Sonndesmass um Päischtsonndeg gouf vun Hueschtert iwwerdroen

De 19. Mee gouf d’Houmass vun Hueschtert iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Hueschtert huet ënnert der Direktioun vum Jean Schumacher gesong, op der Uergel begleet vum Stefan Dorneanu. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Hueschtert

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert huet 2023/24 hier 150 Joër gefeiert.
Héichpunkte vum Veräin sinn zwee Concerts spirituels, wou den Erléis fir e gutt Wierk gespent gëtt, a feierlech Massen zu den Festdeeg. Mir sangen awer och Begriewnessmassen souwéi Hochzäitsmassen, Sonndesmass a Wuertgottesdéngschter.
Haut besteet d’Chorale aus 30 aktive Memberen : 21 Dammen a 9 Hären.
Dirigent ass de Jean Schumacher – Presidentin d’Juliette Beffort – Organist de Stefan Dorneanu.
Eis Prouwe si Mëttwochs vun 20.00 – 22.00 Auer an eisem Proufsall 6, rue Principale zu Hueschtert.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Komm Gott, Schöpfer, heiliger Geist Johann Sebastian Bach
Agangslidd Tout l’univers est plein de Magnificence Johann Abraham Peter Schutz
Kyrie Missa A3 Johann Wenzel Kalliwoda
Gloria Missa A3 Johann Wenzel Kalliwoda
Tëschegesank L’Esprit de Dieu Lucien Deiss
Alleluja Alleluja Jacques Berthier
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Tollite Hostias Camille Saint-Saëns
Sanctus Aus der zweiten Caecilienmesse Josef Gruber
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa A3 Johann Wenzel Kalliwoda
Kommiounslidd Ave verum Edward Elgar
Schlusslidd Komm Schöpfer Geist
Uergel: Sortie Marcietta Théodore Dubois

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu